Edmond Lux

Vu Wikipedia
Edmond Lux
Gebuertsnumm Edmund Lux
Gebuer 18. Juni 1916
Ierpeldeng
Gestuerwen 21. September 2004
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler, Sculpteur, Grafiker
Tak vum Edmond Lux bei der Schetzel-Grott.

Den Edmond Lux, gebuer den 18. Juni 1916 zu Ierpeldeng bei Ettelbréck a gestuerwen den 21. September 2004 zu Ettelbréck, war e lëtzebuergeschen Zeecheprofesser a Moler, Sculpteur a Grafiker.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Edmond Lux gouf als eelste Jong vum Schräinermeeschter Pierre Lux zu Ierpeldeng gebuer an huet bis zu sengem Doud a sengem Heemechtsduerf gelieft a geschafft.

No senger Première am Dikrecher Kolléisch 1935 huet hien op der Technischen Hochschule zu München, op der Académie royale des beaux-arts zu Antwerpen a duerno op der École nationale supérieure des arts décoratifs an op der École Estienne zu Paräis Konscht studéiert.

Seng éischt Plaz krut den Edmond Lux 1939 an der Stater Industrieschoul an ass, nodeems hien am Februar 1941 de Proffenexamen bestanen hat, am Kolléisch ugestallt ginn. Well hien awer net linientreu war, gouf hie wéinst senger nazifeindlecher Haltung op Oochen an de Kaiser-Karls-Gymnasium „strofversat“. Seng offiziell Ernennung als Konschtprofesser am Kolléisch war eréischt 1945, se gouf awer réckwierkend op de Mäerz 1943 datéiert. Kuerz drop koum an den Dikrecher Kolléisch, wou hie bis zu senger Pensioun 1981 Éducation artistique et esthétique enseignéiert huet.

Den Edmond Lux war mat der Charlotte Gruber vun Ettelbréck bestuet; d'Koppel hat 2 Kanner[1].

Seng Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Association des Professeurs d'Éducation Artistique de l'Enseignement Secondaire et Supérieur (APEA): Regard sur deux siècles de création et d'éducation artistique au Luxembourg, Luxembourg 1987, Imprimerie Saint-Paul

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Aus eiser Geschicht - 100 Joer Edmond Lux (1916-2016) an: D'Klack 2/2016. erpeldange.lu (2016) Archivéiert op 2019-08-28. Gekuckt de(n) 29/09/2019.