Edmond Reuter

Vu Wikipedia
Edmond Reuter
Gebuer 30. Dezember 1918
Gestuerwen 12. Februar 1990
Nationalitéit Lëtzebuerg

Den Edmond Reuter, gebuer den 30. Dezember 1918 a gestuerwen den 12. Februar 1990, war e lëtzebuergesche Lycéesprofesser a Member vum Staatsrot.

Hie gouf de 7. Dezember 1972 als Member vum Staatsrot nominéiert. Den 30. Dezember 1988 gouf hie Vizepresident vun där Institutioun an ass dat bis zu sengem Doud bliwwen.[1]

An der 'Zone artisanale et Commerciale Weiergewan' zu Conter ass eng Strooss nom Edmond Reuter benannt ginn.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot Archivéiert op 2009-11-03. Gekuckt de(n) 2012-12-23.
  2. Ordensverleihungen für das Professoren- und Lehrkorps am Luxemburger Wort vum 25. Juni 1979 op der Säit 6 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 2. November 2022