Edmond Wagner

Vu Wikipedia
Edmond Wagner
Gebuer 22. September 1931
Groussbus
Gestuerwen 1. Juni 2004
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Lycéesprofesser, Auteur, Philosoph
Member vun Section des sciences morales et politiques vum Institut grand-ducal

Den Edmond Wagner, gebuer den 22. September 1931 zu Groussbus a gestuerwen den 1. Juni 2004 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Philosophiesprofesser, Philosoph an Auteur.

No sengem Secondaire am Dikrecher Kolléisch huet den Edmond Wagner op der Sorbonne (Paräis) Philosophie, Latäin a Franséisch studéiert. 1958 huet hien, am Kader vum lëtzebuergeschen Doktorat fir Professer am Secondaire an am Supérieur ze ginn, eng Thees mat dëser Iwwerschrëft verdeedegt: Quelques aspects du problème de la finalité chez Nicolai Hartmann et Raymond Ruyer (258 Säiten).

Den Edmond Wagner, deen am Hierscht 1956 Stagiarprofesser am Escher Jongelycée gi war, sollt seng ganz Carrière als Lycéesprofesser do maachen, net nëmmen als Enseignant, mä och nach als Directeur adjoint (1975-1983) an als Direkter (1983-1996). Donieft war hien nach Professer um Institut pédagogique zu Walfer an um Centre universitaire an der Stad Lëtzebuerg (bis zu senger Pensioun 1996).

Den Edmond Wagner war Member, a laang President (1971-1985), vun der Société luxembourgeoise Pierre Teilhard de Chardin, déi 1962 gegrënnt gi war a sech 1985 opgeléist huet. 1989 gouf den Edmond Wagner Member vun der grad gegrënnter Commission consultative nationale d'éthique pour les sciences de la vie et de la santé; hie war eng Rei vu Jore President och dovun. Hie war nach Member, an eng Zäit President (1983-2004), vun der Section des sciences morales et politiques vum Institut grand-ducal, wou hien eng 15 Virträg gehalen huet.

Den Edmond Wagner war mat der Jeanny Schintgen bestuet († 1990) an hat zwee Kanner.

Wierk (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Science et humanisme - Les conférences de la Société Pierre Teilhard de Chardin ; Lëtzebuerg (P. Linden), 1971.
  • Science et finalité ; vum Auteur selwer editéiert, Lëtzebuerg, 1980.
  • (Mam Émile Pier) Le Centre universitaire de Luxembourg ; in: APESS - 75e anniversaire ; Bulletin de l'APESS, n° (spécial) 3/1980; Ss. 140-148 (ill.).
  • L'homme dans l'univers ; Lëtzebuerg (RTL édition), 1985.
  • (Mat de Kolleege Georges Goedert, Jean-Paul Harpes, Hubert Hausemer, Paul Kremer a Gaston Thoma), Ne touchez pas à la philosophie ou Le cours de philosophie, victime de la réforme projetée du secondaire?; erausgi vun der Société luxembourgeoise de Philosophie (Drock: Heintz, Péiteng), 1988; 32 Säiten.
  • Cinquante ans d'enseignement philosophique au Luxembourg ; in: Ré-Création, Nr. 5; Lëtzebuerg (éditions de l'APESS), 1989; Ss. 223-237.
  • Science, métaphysique et théologie à l'échelle de l'évolution cosmique ; Lëtzebuerg (Publications du Centre universitaire de Luxembourg - Département des Lettres et des Sciences Humaines / Section de Philosophie - Études philosophiques, n° I), 1990; 295 Säiten. ISBN 2-87971-007-3

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Norbert Campagna, 2020. Concilier la science et la métaphysique. Edmond Wagner cherche à montrer comment une théorie complète de l'univers doit intégrer à la fois la dimension scientifique et la dimension métaphysique. Die Warte 42|2642 vum 27. Februar 2020, S. 2-3.
  • Georges Als, 2005. Edmond Wagner (1931-2004) ; in: Institut grand-ducal - Actes de la Section des Sciences Morales et Politiques ; Band IX; Lëtzebuerg, 2005; S. 303-305.