Edouard Conzemius

Vu Wikipedia
Edouard Conzemius
Gebuer 21. Dezember 1892
Gestuerwen 26. August 1931
Papua-Neiguinea
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ethnolog

Den Ed(o)uard Conzemius, gebuer den 21. Dezember 1892 zu Mäerzeg, a gestuerwen de 26. August 1931 a Papua-Neiguinea, war e Lëtzebuerger Ethnolog.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Mat 18 Joer huet den Edouard Conzemius Mäerzeg verlooss, fir an Amerika auszewanderen, wou scho säi grousse Brudder als Kouertenheeër gelieft a geschafft huet. Do huet hien zu Chicago fir d'éischt an engem Hotel, dunn als Kontabel geschafft, a war duerno Kontabel zu New Orleans.

1916/1917 huet hie Reesen an Honduras an Nicaragua gemaach, a sech do néiergelooss. Do huet en am Holzhandel geschafft, besonnesch mat Edelhëlzer wéi Acajou, dat en an Amerika verkaaft huet. Méi spéit huet hie fir d'United Fruit Company geschafft.

Den Openthalt a Mëttelamerika huet et him erméiglecht, fënnef Joer laang d'Liewen, d'Sprooch an d'Traditioune vun de Miskito, Rama a Sumo Indianerstämm an dësen zwee Länner z'observéieren an ze dokumentéieren. 1922 goung hien hannescht op Lëtzebuerg an huet an de Méint a Joren duerno seng Fuerschungen néiergeschriwwen. Seng "Notes on the Miskito and Sumu Languages of Eastern Nicaragua and Honduras" sinn 1929 zu New York publizéiert ginn. 1932 koum säi vill gelueftent Wierk "Ethnographical Survey of the Miskito and Sumu Indians of Honduras and Nicaragua" eraus, dat nach an den 1980er Jore sou aktuell war, datt eng spuenesch Iwwersetzung gemaach gouf.[1] Nieft enger Rëtsch Essaye gëtt et nach eng Etüd iwwer Flouer- an Uertschaftsnimm op der Miskito-Küst[Source?].

1930 hat en es genuch zu Lëtzebuerg, an ass an Australien gefuer. Do huet hie sech enger Grupp Goldsicherten ugeschloss an ass vun do aus a Papua-Neiguinea gaangen, wou en ee vun de leschte Kannibalestämm getraff huet, déi et deemools nach gouf. "Ech si frou, sou gouereg ze sinn, soss géif ech nach hei an engem sengem Kachdëppe landen", huet e geschriwwen.

1931 ass den Edouard Conzemius, warscheinlech u Malaria, gestuerwen. Sou konnt hien d'Publikatioun vu sengem Haaptwierk duerch d'Smithsonian Institution vu Washington net méi erliewen.

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Conzemius, Édouard, 1929. Notes on the Miskito and Sumu languages of eastern Nicaragua and Honduras. International Journal of American Linguistics 1: 57-115. New York.
  • Conzemius, Édouard, 1932. Ethnographical survey of the Miskito and Sumu Indians of Honduras and Nicaragua. Washington: Government Printing Office, 191 p. Bureau of American ethnology / Smithsonian Institution., Bull. 106.
  • Conzemius, Édouard, 1938. Les Tribus Indiennes de la Cote des Mosquitos. Anthropos 33: 910-943.
  • Conzemius, Édouard, 1983. Leyendas y Fábulas de los Misquitos y Sumos. Boletín Nicaraguense de Bibliografía y Documentación 51: 73-77, Biblioteca Banco Central de Nicaragua, Managua. [Iwwersetzung: Jaime Incer]
  • Conzemius, Édouard, 1984. Estudio etnográfico sobre los indios Miskitos y Sumus de Honduras y Nicaragua. Asociación Libro Libre, San José, Costa Rica. 336 p. [Iwwersetzung: Jaime Incer]
  • Conzemius, Édouard, 1997. Ortsnamenlexikon der Mosquito-Küste. Sankt Augustin: Academia Verl. 280 S. [aus dem Nachlass hrsg. und vermehrt von Götz Freiherr von Houwald und Berthold Riese]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Cf. Conzemius 1984 an der Bibliographie.
  2. Den Auteur Victor Conzemius ass den Neveu vum Edouard Conzemius.
  3. Pseudonym vum Pierre Hurst.