Edouard Havlicek

Vu Wikipedia
Edouard Havlicek
Gebuer 20. Februar 1912
Éisträich-Ungarn
Nationalitéit Éisträich
Aktivitéit Foussballspiller, Foussballtrainer
Famill
Geschwëster Viktor Havlicek

Den Edouard Havlicek oder Edy Havlicek, gebuer den 20. Februar 1912 zu Wien, war en éisträichesche Foussballspiller an -trainer. Säi Brudder war de Viktor Havlicek.[1]

Hien huet vum 10. Abrëll bis den 8. Juni 1955 déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp als Trainer betreit, déi an där Zäit 3 offiziell Matcher gespillt huet.[2]

Als Foussballtrainer huet hie virun allem däitsch a lëtzebuergesch Ekippen trainéiert, ënner anerem Borussia Dortmund an d'Stade Diddeleng.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

  • 1949: Vize-Meeschter mat Borussia Dortmund[3]. D'Final huet Borussia Dortmund 2:3 géint VfR Mannheim verluer. De Match, dee virun 92.000 Spectateuren am Neckarstadion zu Stuttgart gespillt gouf, ass als Stuttgarter Hitzeschlacht an d'Geschicht gaangen.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Archive copy Gearchiveerd op 2013-07-28. Gekuckt de(n) 2013-08-21.
  2. Dem Edouard Havlicek seng Carrière als Trainer vun Nationalekippen op der Websäit vun European Football Cross-checken hunn erginn datt op dëser Säit de Viktor a säi Brudder an een Dëppe gehäit goufen. De Viktor war ni Trainer zu Lëtzebuerg
  3. Fotoe vun der Ekipp Gearchiveerd op 2013-05-16. Gekuckt de(n) 2013-08-21.