Eduard Schönfeld

Vu Wikipedia
Eduard Schönfeld
Gebuer 22. Dezember 1828
Hildburghausen
Gestuerwen 1. Mee 1891
Bonn
Educatioun Philipps-Universitéit Marburg,
Universitéit Bonn
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser
Member vun Preisesch Wëssenschaftsakademie, American Academy of Arts and Sciences

Den Eduard Schönfeld, gebuer den 22. Dezember 1828 zu Hildburghausen, a gestuerwen den 1. Mee 1891 zu Bonn, war en däitschen Astronom. Hie gëtt dacks am Zesummenhank mat dem Wierk vun der "Bonner Duerchmusterung" als Assistent vum F. W. Argelander genannt.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Eduard Schönfeld gouf an enger jiddescher Famill gebuer. Vun 1834 bis 1838 goung hien an d'Biergerschoul zu Hildburghausen an duerno bis 1843 an d'israelitesch Reliounsschoul. Du koum en op d'humanistescht Gymnasium Hildburghausen.

Am Mäerz 1847 huet e säin Abitur bestanen an de 24. Juli ass hien zu Kassel dem evangeelesche Glawe bäigetrueden. Vun 1848 bis 1849 studéiert hie Bauwiesen op der Polytechnescher Schoul zu Hannover. Hie gouf 1849 vun der Schoul verwisen, huet awer weider Polytechnik un der héijer Gewerbeschoul zu Kassel studéiert. Duerno huet hien e Studium op der Universitéit Marburg ugefaangen: Physik, Chimie, Mineralogie, dann Astronomie beim Christian Ludwig Gerling. Den 29. November mécht hien déi éischt ëffentlech Observatioun am Marburger Observatoire: Entdeckung vum Stär Gamma Arietis. Duerno iwwersetzt en d'Theoria motus corporum coelestium vum Carl Friedrich Gauß an d'Méchanique céleste vum Pierre-Simon Laplace.

1851 reest hien op Bonn bei de Friedrich Wilhelm August Argelander. Den 23. Abrëll 1852 huet hien en Astronomiestudium beim Argelander ugefaangen a schafft mat un der nërdlecher Bonner Duerchmusterung bis zu der Fäerdegstellung am Joer 1868. 1853 gouf hien Assistent beim Argelander. Den 9. August 1854 promovéiert hien zu Bonn zum Dr. phil. an de 6. August 1857 follegt d'Habilitatioun.

1859 gëtt hien am Oktober Professer an Direkter vum Mannheimer Observatoire. 1860 bestit hie sech den 12. Juni mat der Helene Noeggerath an de 6. Juli 1861 gëtt seng Duechter Amalie gebuer.

1862 kënnt seng Publikatioun Iwwer d'Niwwelflecken eraus an den 2. Mäerz 1863 ass d'Gebuert vu sengem Jong Fritz. De 15. September 1864 ass d'Gebuert vu senger zweeter Duechter Anna souwéi d'Publikatioun Iwwer déi donkel Fixstär-Begleeder. 1866 kënnt de Katalog mat de verännerleche Stäre mat Aschloss vun neie Stären 1. Deel an 1874 den 2. Deel eraus.

1875 gouf hie Professer an Direkter vum Observatoire Bonn. Ufank vun der südlecher Duerchmusterung. Nekrolog op den Argelander. Sekretär a Virstandsmember vun der Astronomescher Gesellschaft. 1881 erfollegt den Ofschloss vun der südlecher Duerchmusterung. 1886 kënnt et zur Publikatioun vun der Bonner Duerchmusterung, südlechen Deel.

Den 20. Februar 1887 gouf hien zum Korr. Member vun der Preisescher Akademie vun de Wëssenschafte gewielt. 1887 an 1888 war hie Rekter vun der Universitéit Bonn.

Dem Eduard Schönfeld ass den Asteroid (5926) Schönfeld gewidmet. E Krater op der äerdofgewandter Säit vum Äerdmound dréit och säin Numm.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Über die Nebelflecke, 1862
  • Über die veränderlichen Sterne, 1863
  • Katalog der veränderlichen Sterne mit Einschluß der neuen Sterne, 1. Teil: 1866, 2. Teil: 1874
  • Bonner Durchmusterung, südlicher Teil, 1886

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie