Edward Charles Pickering
Den Edward Charles Pickering, gebuer de 19. Juli 1846 zu Boston; gestuerwen den 3. Februar 1919 zu Cambridge, Massachusetts), war en US-amerikaneschen Astronom a Physiker. Säi Brudder war de William Henry Pickering.
Zesumme mam Hermann Karl Vogel entdeckt de Pickering déi éischt Zwillings-Stäre, déi nëmme spektroskopesch identifizéiert konnte ginn. Hien huet d'Schrëft Elements of Physical Manipulations (2 vol., 1873–76) publizéiert.
Seng Aarbëchten hunn sech gréisstendeels mat der Stärenphotometrie beschäftegt. Am Joer 1884 publizéiert hien d'„Harvard Photometry“, an 1903 den éischte photographesche Stärenatlas.
Hie war Direkter vum Harvard College Observatoire. Ënner senger Opsiicht gouf och vun 1918 un, d'Publikatioun vum Henry-Draper-Katalog ugefaangen.
Am Harvard Observatoire beschäftegt hie vill Fraen, dorënner Annie Jump Cannon, Williamina Fleming, Henrietta Swan Leavitt, an d’Antonia Maury. Dës Fraen, déi ënnert de Wëssenschaftler als de „Pickerings Harem“ bekannt waren, hu vill wichteg astronomesch Entdeckunge gemaach.
De Pickering huet Goldmedail vun der Royal Astronomical Society am Joer 1886 a nach eng Kéier am Joer 1901 krut. D'Henry Draper Medal gouf him 1888 iwwerreecht an d'Bruce Medail krut hien am Joer 1908.
E Krater op dem Äerdmound ass no him a sengem Brudder William Henry Pickering genannt. Geneesou wéi den Asteroid (784) Pickeringia.
[änneren] Noriff
- (de) AN 208 (1919) 133/134 (auf Deutsch)
- (en) JRASC 13 (1919) 160
- (en) MNRAS 80 (1920) 360