Edward L. G. Bowell
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Edward L. G. Bowell (oder Ted Bowell) gebuer am Joer 1943 zu London ass en amerikaneschen Astronom.
De Bowell war staark un der Ariichtung vum Lowell Observatoire Near-Earth-Object Search bedeelegt, eng Sich no äerdno Objeten.
Seng eegen Erkenntnesser waren Ausléiser fir dës wëssenschaftlech Aarbecht, déi hien iwwer äerdno Asteroiden gesammelt huet. Hie konnt eng grouss Zuel vun Asteroiden entdecken, dorënner och déi sougenannten trojanesch Asteroiden 2357 Phereclos, 2759 Idomeneus, 2797 Teucer, 2920 Automedon, 3564 Talthybius, 4057 Demophon an den (4489) 1988 AK.
Zousätzlech huet hien de periodesche Koméit 140P/Bowell-Skiff sowéi den nëtperiodesche Koméit C/1980 E1 (Bowell) entdeckt.