Edward Pigott

Vu Wikipedia
Edward Pigott
Gebuer 27. Mäerz 1753
Bath
Gestuerwen 27. Juni 1825
Bath
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, Kinnekräich Groussbritannien
Aktivitéit Astronom

Den Edward Pigott, gebuer 27. Mäerz 1753 zu Whitton, Middlesex a gestuerwen de 27. Juni 1825 zu Bath war e britteschen Astronom.

Den Edward Pigott war de Jong vum Nathaniel Pigott, och e britteschen Astronom, a vum Anna Mathurine de Bériot. Den Edward hat véier Schwësteren.

Zesumme mat sengem Papp huet hien als Astronom geschafft. Hien huet d'Jupitermounde an an der Géigend vu Caen de Venustransit vum 3. Juni 1769 observéiert.

Am "Frampton House", Glamorganshire huet hien den 23. Mäerz 1779 en astronomeschen Niwwel am Stärebild Coma Berenices entdeckt, dee méi spéit als Messier 64 bekannt gouf. Dës Entdeckung hat hien 12 Deeg virum Johann Elert Bode gemaach an ongeféier ee Joer virum Charles Messier, déi all de selwechten Objet onofhängeg vuneneen entdeckt haten. Déi Entdeckung gouf dem Pigott eréischt am Joer 2002 vum Bryn Jones vu Wales zougesprach. Seng Observatioun war warscheinlech vergiess ginn duerch seng spéit Publikatioun an de Philosophical Transactions, am Joer 1781, erausgi vun der Royal Society of London.

Den Edward Pigott hat och de grousse Koméit vu 1783 den 19. November 1783 zu York entdeckt. Onofhängeg dovun hat de Pierre Méchain deen de 26. November och entdeckt. Dee Koméit gouf vu villen Astronomen observéiert, dorënner och vum Charles Messier.

Den 10. September 1784 huet den Edward Pigott d'Verännerlechkeet vum Eta Aquilae entdeckt, deemools bekannt als Eta Antinoi. Eta Aquilae war ee vun den éischte bekannten Cepheiden.

An de follgende Joren huet de Pigott mat sengem Noper a Frënd John Goodricke zesummen un den Observatioune vu verännerleche Stäre geschafft.

Zu Éiere vum Edward Pigott a sengem Papp gouf den Asteroid 10220 Pigott no hinne genannt, deen den 20. Oktober 1997 vum Roy Tucker um Goodricke-Pigott Observatoire entdeckt gouf.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]