Edward Steichen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Edward Steichen (Foto:CNA)

Den Edward Steichen, gebuer als Edouard Jean Steichen de 27. Mäerz 1879 zu Béiweng (Bivange) a gestuerwen de 25. Mäerz 1973 zu West Redding (Connecticut) war en amerikanesche Fotograf a Curateur, deen zu deene ganz grousse Fotografe vum 20. Joerhonnert gezielt gëtt.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Am Alter vun 2 Joer wandert de klengen Edouard am Joer 1881 mat sengen Elteren an Amerika aus. Si etabléiere sech fir d'éischt am Michigan, duerno am Wisconsin zu Milwaukee. Seng Mamm huet säin Interessi un der Konscht vu Kand un ënnerstëtzt.

1894 huet hie mat 15 Joer eng Léier a Lithographie op der American Fine Art Company gemaach. Vun 1894 bis 1898 schafft hien ënner dem Richard Lorenz an Robert Schode an der Milwaukee Art Students League. 1895 fänkt de Steichen u mat fotograféieren, 1896 mat Molen[1].

1899 hëllt hie fir d'éischt un enger Fotosausstellung Deel[2], 1900 hält hie seng éischt perséinlech Ausstellung zu Milwaukee. Am selwechte Joer léisst hie sech zum Amerikanesche Staatsbierger naturaliséieren. Den Alfred Stieglitz gëtt op säin Talent opmierksam a keeft him verschiddener vu senge Wierker of. Bis Enn vun den 1910er Joren sollt säi Fotografie-Stil duerch de sougenannte Pictoralismus markéiert sinn, d. h. Opname mat grousser Brennwäit a wéineg Schäerfendéift, déi bal wéi gemoolte Biller ausgesinn.

Hie fiert op Paräis wou hie vum Rodin a sengem Wierk déif beandrockt ass an eng Rëtsch Fotoe mat hannescht bréngt. 1901 gi 35 Fotoe vum Steichen zu London a Paräis ausgestallt. 1902 ass hien e Matgrënner vun der Photo-Secession, an där hirer Zäitschrëft, Camera Work, säi Wierk an de Joren duerno regelméisseg publizéiert gëtt. Am selwechte Joer huet hie seng éischt Ausstellung fir sech eleng zu Paräis. Hie schafft och viru mam Stieglitz an hëlleft him, zu New York d'Galerie 291 opzemaachen, wou en och ëmmer nees ausstellt.

D'Edward-Steichen-Plaz zu Béiweng

1906 geet e fir dem Stiglitz seng Galerie op Paräis, fir Biller erauszesichen, déi do ausgestallt sollte ginn, dorënner Wierker vum Rodin, Picasso, Matisse an Cézanne.

1907 fänkt den Eward Steichen un, mat Faarffotografie z'experimentéieren[3]. 1910 experimentéiert de Steichen mat Kräizungen tëscht verschidden Aarte vu Ritterspuer (Delphinium).

1911 fänkt de Steichen un, seng éischt Moude-Fotoen ze maachen, mä gläichzäiteg gewënnt d'Molerei bei him u Wichtegkeet. 1913 kënnt eng Duebelnummer vu Camera Works eraus, déi komplett sengem Wierk dédiéiert ass.

Am Éischte Weltkrich ass den Edward Steichen Commandeur vun der Fotodivisioun vun den Army Expeditionary Forces an huet vill mat Loftfotoen ze dinn, déi eng héich Prezisioun erfuerderen[4]. Vun 1923 un ass hie Cheffotograf vun de Condé Nast Publications, a seng Fotoe ginn an deene nächste 15 Joer regelméisseg an der Vogue an a Vanity Fair publizéiert. Zu deene bekannte Fotoen aus där Zäit ziele Portraitë vu sengem Schwoer Carl Sandburg, vum Greta Garbo, Charlie Chaplin, George Bernard Shaw, Winston Churchill, Gloria Swanson, an enger sëllecher Filmstaren aus där Zäit. Hien huet och als Publicitéits-Fotograf fir d'J. Walter Thompson Agency geschafft. Doriwwer krut en sech mam Stieglitz an d'Hoer, deen dëst net approuvéiert huet. De Steichen war iwwerzeegt, datt hien d'Reklamms- a Moudefotoen op de Stand vu Konschtwierker erhiewe kéint.

1938 hält den Edward Steichen mat der kommerzieller Fotografie op. Hie gëtt 1941 Direkter vum U.S. Naval Photographic Institute, a responsabel fir all Fotoen, déi während de Kämpf am Pazifik am Zweete Weltkrich gemaach ginn. Während de Krichsjore organiséiert en d'Ausstellungen The Road to Victory (1942) a Power in the Pacific fir de Museum of Modern Art (MoMA) zu New York. Tëscht 1947 an 1962 ass de Steichen Direkter vun der Fotografiesectioun vun dësem Musée. Hien huet keng eege Fotoe während där Zäit gemaach, mä net manner wéi 50 Ausstellungen zesummegestallt. Déi bekanntst dorënner sinn The Family of Man[5], The Bitter Years 1935-1941[6] an d'Serie The Diogenes with a Camera.

The Family of Man ass hautdesdaags am Klierfer Schlass ze gesinn.

Den Edward Steichen gouf 1961 vum MoMA duerch eng One-man-show vu senge Fotoe geéiert. 1964 gouf an deem Musée den Edward Steichen Photography Center ageriicht.

Den Edward Steichen, deen dräimol bestuet war, ass am Alter vu bal 94 Joer am Connecticut gestuerwen.

De Moler[änneren | Quelltext änneren]

Wann den Edward Steichen wéinst senge Fotoen berühmt ass, däerf een awer net vergiessen, datt hien och Moler war. Hien ass ugezu vu Landschaften am Sonnenopgank a Sonnenënnergang, wou d'Luucht eng romantesch Atmosphär schaaft. Hie seet selwer bis an d'20-er Jore war hien e Moler an der Traditioun vum J.A.M. Whistler. D'Amerikaner nennen dee Stil "tonaliste" Nuetslandschaften. Hie schéckt seng Biller dem Jury vum "Chicago Art Institute" deen se 3 Mol hannereneen verwerft. Seng Fotoe ginn awer ugeholl. An Europa gëllt zur selwechter Zäit de Stil "symboliste". De Steichen léiert d'Wierker kenne vun Eugène Carrière, Auguste Rodin, Albert Besnard a Fernand Knopff. Hien ass verwonnert bei Biller vum Van Gogh. Hie moolt Portraite vum F. Holland Day (American School of Photography), vun der Mme Georgette Le Blanc (Fra vum Maurice Maeterlinck), vun der Mme Mercedes de Cordoba. Hie begéint d'Madame Gertrude Stein déi schreift:Steichen reconnut très vite que la peinture ordinaire ne l'intéressait plus, qu'on pouvait faire tout cela par la photographie,c'est-à-dire que les photographies de tableaux ressemblaient à celles de vrais paysages ou natures mortes, si c'étaient vraiment de bonnes photos. Il fallait donc qu'il y eût autre chose et c'est ainsi qu'il s'intéressa à la peinture moderne. Hien ass onzefridde mat der Abstraktioun déi hien erreecht huet an 1922 verbrennt hien a sengem Gaart vum bretoneschen Duerf Voulangis Crécy-en-Brie e groussen Deel vun deenen an 20 Joer gemoolte Biller.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Steichen, E.1963- A Life in Photography. Doubleday & Co, New York.
  • Steichen, E., 1965. Ein Leben für die Fotografie. ECON-Verlag, Düsseldorf u. Wien.
  • Niven, Penelope, 1997. Steichen - A Biography. Clarkson Potter, Publishers, New York.
  • Steichen, Joanna, 2000. Steichen's Legacy. Alfred A. Knopf, New York.
  • Krieps, Rosch, 2003. Er umarmte die Menschheit. 1. Band: "Traumfrau des Jahrtausends"; 2. Band: "Mütter der Menschheit", zesummen an engem Buch. Lëtzebuerg, Eegeverlag.
  • Krieps, Rosch, 2005. Humanheit - The Family of Man richtig verstehen. Centre de documentation sur les migrations humaines, Düdelingen.
  • Krieps, Rosch, 2013. Die Luxemburger Edward-Steichen-Pioniere. Luxemburger Wort vum 4. Mee 2013, S. 17.
  • Braun-Breck, Lotty, 1995. Eduard Jean Steichen ... peintre de 1895-1922. nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur, 1995/2.
  • Goley, Mary Anne, 1988. La peinture d'Edward Steichen. Les Cahiers luxembourgeois 1988/2.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Edward Steichen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[änneren | Quelltext änneren]

  1. De Steichen wäert vun 1896 un paralel zur Fotografie während 20 Joer viru-molen.
  2. De Steichen huet 1899 um Second Philadelphia Photographic Salon deelgeholl.
  3. Quell: Depliant vun der Ausstellung The Family of Man, Klierf.
  4. De Steichen ass 1917 der amerikanescher Arméi bäigetrueden.
  5. De Steichen fänkt 1951 mat den Aarbechten zur Family of Man un, fir déi en ronn 500 Fotoen aus 2 Milliounen erausgesicht huet. D'Ausstellung gëtt 1955 am MoMA ageweit a geet duerno op Welttournée. Si gëtt déi meeschtbesichte Fotosaustellung iwwerhaapt.
  6. The Bitter Years (1962) sollt dem Steichen seng lescht Ausstellung am MoMA sinn.