Edwin Salpeter
Den Edwin Ernest Salpeter, gebuer den 3. Dezember 1924 zu Wien, Éisträich a gestuerwen de 25. November 2008 zu Ithaca, New York war en éisträicheschen Astronom an Astrophysiker.
De Salpeter emigréiert als Jugendlechen am Joer 1939 vun Éisträich no Australien, wou hien an der Universitéit Sydney Physik a Mathematik studéiert. Den Doktergrad krut hien am Joer 1948 an der University of Birmingham an England, wou hir mam Rudolf Peierls zesumme schafft. Vu 1948 un ass hien an der Cornell University, wou hien ënner anerer zesumme mam Hans Bethe iwwer Probleemer vun der Quantenelektrodynamik a Kärphysik debattéiert a schafft, souwéi a ville Beräicher vun der theoretescher Astrophysik. Mam Bethe huet hien d'Bethe-Salpeter-Equatioun fir gebonnen Zoustänn an der Quantefeldtheorie entwéckelt.
De Salpeter huet Kärreaktiounen a Stären ënnersicht souwéi d'Entwécklung vu Stären. 1955 leet hien d'initial Massefunktioun (Initial Mass Function, IMF) vu Stären of, déi beseet, a water Zueleverhältnesser Stäre mat verschiddene Massen entstinn.
Hie war mam Jakow Seldowitsch ee vun deenen éischten, déi 1964 Akkreditiounsscheiwen ëm schwaarz Lächer als Modell fir Quasare an aktiv Galaxië virgeschloen huet.[1]
De Salpeter ass kuerz viru sengem 84. Gebuertsdag u Leukämie gestuerwen.
Éierungen [änneren]
- 1973 Goldmedail vun der Royal Astronomical Society
- 1974 Henry Norris Russell Lectureship
- 1985 Karl-Schwarzschild-Medail vun der Astronomescher Gesellschaft
- 1987 Bruce Medail
- 1997 Crafoord-Präis zesumme mam Fred Hoyle
- 1999 Hans-A.-Bethe-Präis