Edwin Van der Sar
Den Edwin Van der Sar, gebuer den 29. Oktober 1970 zu Voorhout, ass en hollännesche Foussball-Golkeeper. Zur Zeit ass hie beim engleschen Veräin Manchester United aktiv. Hien ass 198 cm grouss.
Inhaltsverzeechnes |
Carrière [änneren]
Seng Carrière als Golkeeper huet de Van der Sar bei Foreholte, engem klenge Foussballsclub vu Voorhout ugefaangen. Duerno huet hie bei den VV Noordvijk gewiesselt, wou hie vum Manager vun Ajax Amsterdam entdeckt gouf.
Beim Ajax war hien zënter der Saison 1992/93 fest agestallt. Si koumen zweemol an d'Finall vun der UEFA Champions League (1995 an 1996), hunn allerdéngs nëmmen eng Kéier gewonnen. An der Finall 1996 konnt de Van der Sar deen entscheedenden Eelefmeterschoss net halen. An engem Match géint de Graafschap huet hie mat engem Eelefmeter säi bis elo eenzege Gol an engem offizielle Match geschoss.
1999 ass hie bei Juventus Turin gewiesselt. Allerdéngs waren den Trainer an d'Fans mat senger Leeschtung am Gol guer net zefridden, wouropshin hien 2 Joer méi spéit an engem Transfert un den FC Fulham verkaaft gouf. Hie war deen éischten, a bis elo (2010), och de leschten net-italienesche Golkeeper bei der Juve. Beim FC Fulham huet hie 4 Joer gespillt, hat allerdéngs net immens vill Erfolleg mat senger Equipe, si hunn an deene 4 Joer nëmmen ee bedeitenden Titel gewonnen.
2005 ass hien du bei de Manchester United F.C. gewiesselt, wou hien haut nach aktiv as. Dat ass säi wahrscheinlech erfollegräichsten Club. An der Premier League hat hie iwwer 1300 offizielle Spillminutten kee Géigegol eragelooss, wat fir eng kuerz Zeit de Rekord war.
An der Finall vun der Champions League 2008 géint den Chelsea F.C. huet hien den entscheedenden Eelefmeter vum Nicolas Anelka gehalen. Hien ass en allgemeng geschätzte Keeper, zumools wann et ëm Eelefmetere geet. Hien steet no enger Verlängerung vun engem Joer nach bis 2011 bei Manchester ënner Kontrakt.
An der hollännescher Nationalequipe huet de Van der Sar vun 1994 bis 2008 gespillt. Hien ass allerdéngs eréischt 1995 als Haaptkeeper agesat ginn. Virdru war hien op der Ersatzbänk, sou datt hien d'Weltmeeschterschaft vun 1994 och net matgespillt huet. Zënter 1995 huet hien 130 Matcher matgespillt, dat ass bis elo an Holland ongeschloen.
An der Saison 2005 huet hien et fäerdegbruecht, während 10 Flichtmatcher keen eenzege Schoss eranzeloossen, wat bis haut den Europarekord ass. Noodeems d'Oranje an der Véirelsfinall vun der Europameeschterschaft 2008 géint Russland verluer haten, huet de Van der Sar seng Carrière an der hollännescher Nationalequipe opgehalen. Allerdéngs gouf hien an zwéi Matcher am Hierscht 2008 erëm reaktivéiert, well säin Nofolger an den Ersatzgolkeeper ausgefall waren.
Privatliewen [änneren]
Den Edwin Van der Sar ass säit 2006 bestuet an huet 2 Kanner.
Titelen an Erfolleger [änneren]
- Hollännesch Meeschterschaft: 1994, 1995, 1996, 1998
- Englesch Meeschterschaft: 2007, 2008, 2009
- KNVB-Pokal: 1993, 1998, 1999
- Hollännesche Supercup: 1993, 1994, 1995
- League Cup: 2006, 2009
- FA Community Shield: 2007, 2008
- UEFA Champions League: 1995, 2008
- UEFA-Coupe: 1992
- UEFA Intertoto Cup: 1992, 1999
- Europäesche Supercup: 1995
- Weltpokal: 1995
- FIFA-Club-Weltmeeschterschaft: 2008
Auszeechnungen [änneren]
- 1995: Europes Best Golkeeper (UEFA)
- 1994, 1995, 1996, 1997: Hollännesche Golkeeper vum Joer
- 1998: De Telegraaf - Gouden Schoen
- 2008: UEFA All-Star-Team vun der Europameeschterschaft
- 2009: Europe's Club Golkeeper Of The Year (UEFA)
Rekorder [änneren]
- hollännesche Rekordnationalspiller: 130 Matcher
- kee Géigegol während 1013 Minutten (10 Matcher) mat der hollännescher Nationalequipe (Europarekord)
- kee Géigegol während 1311 Minutten (14 Matcher) mat Manchester United (Premier League-Rekord)
Veräiner [änneren]
Veräiner an der Jugend
- FC Foreholte
- VV Noordwijk
- Ajax Amsterdam
Veräiner als Profi
| Zäitraum | Veräin | Matcher | Goler |
|---|---|---|---|
| 1992-1999 | Ajax Amsterdam | 226 | 1 |
| 1999-2001 | Juventus Turin | 66 | 0 |
| 2001-2005 | FC Fulham | 127 | 0 |
| 2005-haut | Manchester United F.C. | 149 | 0 |
Stand: 10. Abrëll 2010 Nëmme Liga-Matcher
Nationalequipe
| Zäitraum | Land | Matcher | Goler |
|---|---|---|---|
| 1994-2008 | Holland | 130 | 0 |
Stand: 15. Oktober 2008
| Commons: Edwin van der Sar – Biller, Videoen oder Audiodateien |