Edy Schütz

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Edy Schütz Enn der 60er Joren

Den Edy Schütz, gebuer de 15. Mee 1941 zu Téiteng, ass e lëtzebuergesche Vëlossportler.

1964 hat hien, 11 Joer nom Francis Gelhausen, als zweete Lëtzebuerger d' Österreich-Rundfahrt gewonnen. Am Generalklassement hat hien eng Minutt a 55 Sekonne Virspronk op de Johny Schleck.

Am Tour de France 1966 hat hien d'Etapp vun Ivrea op Chamonix iwwer 188 km gewonnen.

Den Edy war sechsmol am Tour de France mat derbäi an zwar 1966 (Plaz 34), 1967, 1968, 1969 (Plaz 15), 1970 (Plaz 38), 1971 (Plaz 56 (oder 55?)).

1972 hat hien Vëlosgeschäft vu sengem verstuerwene Schwéierpapp Jacques Majerus zu Diddeleng iwwerholl.

Hien hat ënner anerëm als gudde Frënd de Josy Liberatore och ee lëtzebuergesche Coureur bekannt als de Bibi, deen him am Atelier gehollef huet.

Zënter 1963 lieft den Edy Schütz mat senger Fra Maisy Majerus zu Diddeleng.

Inhaltsverzeechnes

Palmarès [änneren]

1962 [änneren]

1963 [änneren]

1964 [änneren]

1965 [änneren]

1966 [änneren]

1967 [änneren]

1968 (Molteni) [änneren]

1969 (Molteni) [änneren]

1970 (Molteni) [änneren]

1971 (Mars - Flandria) [änneren]

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]