Eeërblumm
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Eeërblumm | |||||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
|
|||||||||||||||||
| Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |||||||||||||||||
|
|||||||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||||
| Caltha palustris L. |
|||||||||||||||||
D'Eeërblumm (Caltha palustris) ass eng Aart aus der Famill vun den Ranunculaceae. Si gehéiert zu den éischte Fréijoersbléier.
De wëssenschaftlechen Aartennumm kënnt aus dem laténgeschen: palustris staamt vun palus= Supp, en Hiweis op déi gewéinlech fiicht Plazen, op deene d'Planz virkënnt.
Dem Heng Klees no huet si nach folgend Nimm: Botterblumm, Fräscheblumm, Dueder (-blumm), Inteblumm, Jongeblumm (an eng Rëtsch weider méideiteg Bezeechnungen).
D'Planz déi e puer Joer hannereneen erëmkënnt, gëtt tëschent 15 a 50 cm héich a blitt tëschent Mäerz a Mee. Eng zweet Bléi kann tëschent Juli an Oktober virkommen. D'Blieder si donkelgréng a blénkeg, häerzförmeg an um Rand gekierwt.
Literatur [änneren]
- Klees, Henri, 1994. Luxemburger Pflanzennamen. Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. VIII. 3. Aufl., 182 S., Pierre Linden, Luxemburg.
Um Spaweck [änneren]
| Wiktionnaire: Eeërblumm – Definitioun, Synonymer an Iwwersetzungen |