Eech (Stad Lëtzebuerg)
Eech ass ee Quartier vun der Stad Lëtzebuerg an eng fréier Gemeng.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Geschicht
No der Franséischer Revolutioun gouf aus dem Haff Eech, déi eegestänneg Gemeng Eech déi aus Beggen, Eech, Weimeschkierch, Dummeldeng, den ënneschten Deel vum Rollengergronn, de Siweburen, der Millebaach, dem Kierchbierg, dem Sichegronn, dem Weimeschhaff an dem Neiduerf bestanen huet.
Den 1. Juli 1849 (Gesetz vum 8. Mee 1849) gouf d'Gemeng Eech gedeelt. D'Sektiounen Rollengergronn, Roudebierg, Lampertsbierg, Siweburen (mat der Parzeläinsfabrik), en Deel vun der Sektioun Millebaach an deen Deel vun der Sektioun Reckendall deen zur Gemeng Eech gehéiert huet, goufen zu der separater Gemeng Rollengergronn.
Den 1. Juli 1920 (Gesetz vum 30. Juni 1920) huet d'Gemeng Eech mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert.
[änneren] Buergermeeschteren [1]
- 1803 - 1822 : Valentin Simon
- 1822 - 1822 : M. Kauffmann (Interimsbuergermeeschter)
- 1822 - 1830 : Joseph Pescatore
- 1830 - 1839 : Mathias Hertert
- 1839 - 1843 : Pierre Buchholtz
- 1843 - 1848 : Norbert Metz
- 1849 - 1857 : Michel Bricher
- 1858 - 1860 : Guillaume Lamesch
- 1861 - 1863 : Mathias Hertert (Papp)[2]
- 1864 - 1869 : François-Joseph Dargent
- 1870 - 1874 : Gansen Théodore
- 1874 - 1888 : Emile Metz
- 1888 - 1911 : Pierre-Éloi Schoué
- 1911 - 1915 : Paul Mayrisch
- 1916 - 1917 : Henri Heymanns
- 1918 - 1920 : Guillaume Haag
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Bemierkenswäerte Ginkgo op der Eecherplaz
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Eech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Gesetz iwwer d'Créatioun vun der Gemeng Rollingergronn Loi du 8 mai 1849, qui érige une nouvelle commune sous le nom de Rollingergrund
- Gesetz iwwer d'Fusioun vun der Gemeng Eech mat der Stad Lëtzebuerg Loi du 30 juin 1920 concernant la réunion de la commune d'Eich à la ville de Luxembourg
[änneren] Referenzen
- ↑ Jean Thoma: KIRCHBERG. Kirchberg - Siechengrund in früheren Zeiten. Eine Dokumentation zur Geschichte der Ortschaft und der Bewohner., 2001, S. 447 genea.lu
- ↑ Avis. — Nomination de bourgmestres am Mémorial - Zweeten Deel. Nr 13 vum 18. Mäerz 1861
Beggen | Belair | Bouneweg-Nord/Verluerekascht | Bouneweg-Süd | Clausen | Dummeldeng | Eech | Gare | Gaasperech | Gronn | Hamm | Hollerech | Kierchbierg | Lampertsbierg | Märel | Millebaach | Neiduerf/Weimeschhaff | Pafendall | Polvermillen | Rollengergronn/Belair-Nord | Uewerstad | Weimeschkierch | Zéisseng | Zens