Eech zu Klengbetten

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Stilleech am Viktorsbierg (Mäerz 2011
Den Infopanneau bei der Eech. Hannen am Bild: de Champignon um Stamm vum Bam (Mäerz 2011)

D'Eech zu Klengbetten gehéiert wéinst hirer Gréisst an hirem Ëmfank zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg. Si steet um Viktorsbierg (rue de la Montagne) an engem géie Rampli nieft der Strooss, op gläicher Héicht mam Bauerenhaff, zu deem se gehéiert. Een Deel vun de Wuerzele läit fräi.

Et handelt sech ëm eng Stilleech (Quercus robur). Hiren Alter ass net bekannt, dierft awer 200 Joer iwwerschreiden.

D’Eech gouf duerch en Arrêté ministériel vum 19. Juli 2001 op den Inventaire supplémentaire des monuments nationaux opgeholl.[1]

Ëm 2010 huet d'Gemeng Stengefort en Informatiounspanneau beim Bam opstelle gelooss.

Ufanks 2011 ass um Stamm e grousse Champignon ze gesinn, wat drop hiweist, datt dem Bam seng Ofwirkräfte geschwächt sinn.

Geographesch Koordinaten: Gnome-globe.svg 49° 38’ 48.17’’ N 05° 54’ 51.91’’ O

Quellen [änneren]


Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Eech zu Klengbetten – Biller, Videoen oder Audiodateien

Biller [änneren]


Referenzen an Notten [änneren]

  1. An den Arbres remarquables 2002 gëtt de 4. Dezember 1969 fir den Arrêté ministériel genannt. Et ass dat eng Verwiesslung mam Datum vun där anerer klasséierter Eech (am Pariswee) zu Klengbetten , déi virun 2002 ewech geholl gouf.