Eech zu Koler

Vu Wikipedia
Eech zu Koler
E Stamm deen a véier gedeelt ass (Mäerz 2008)
Kategorie Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Garnech
Plaz Koler
Adress Ierwebësch / Buchholz
Koordinaten 49°37'45,30"N, 5°56'33,90"O
Bamaart Stilleech
Geschaten Alter 315 Joer
Héicht 35 m (2000)
Duerchmiesser 1,62 m (2000)
Ëmfang 5,08 m (2000)
De wäisse Fäil riets ënnen am Bild weist de Pad dee bei d'Eech féiert.

D'Eech zu Koler ass eng Summereech (Quercus robur; chêne pédonculé; Stieleiche) déi am Flouer Ierwebësch resp. Buchholz am Oste vu Koler an der Gemeng Garnech steet.

Wéinst hirem aussergewéinleche Stamm, dee sech an enger Héicht vun 1,50 m a véier Niewestämm opdeelt, déi bis 35 m eropgewuess sinn, zielt d'Eech zënter 1981 zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.

Lokalisatioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Eech ass e bësse ‘verstoppt, matzen an engem Bësch.

De Bam fënnt ee wann een zu Koler d'Strooss op Garnech (Rue de Garnich) erop fiert. Nom Ausgank vu Koler hëlt een, ongeféier op hallwer Héicht vum Hank, deen drëtte goudronéierte Feldwee op der lénkser Säit. Do wou de Makadamm ophält geet et zu Fouss weider, laanscht de Bëschrand, bis de Wee an de Bësch eraféiert. De Wee dréint do no riets a gëtt dann e schmuele Pad dee queesch duerch de Bësch féiert. No zirka 100 m am Bësch fält dann op der lénkser Säit, zirka 20 m vum Pad ewech, déi gesichten Eech duerch hire mächtegen, a véier gedeelte Stamm op. Ronn 50 m hanner der Eech féiert de Pad op eng Wiss, déi op béide Säite vum Bësch encadréiert ass.

Entwécklung vum Bam[änneren | Quelltext änneren]

D'Kroun vum Bam ass wéineg an d'Breet entwéckelt, wat drop zeréckzeféieren ass, datt s'an engem dichte Bestand gewuess ass. Hiren Alter kann op tëscht 290 an 340 Joer geschat ginn(Stand 2024)[1].

Ongeféier Moosse vum Bam (m)
Joer [2]
1980 4,80 1,53 33,00
≈2000 5,08 1,62 35,00

Domat ass d'Eech vu Koler déi 7-déckst Eech[3] an den 20-déckste Bam[4] zu Lëtzebuerg.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 38-39, Text a Foto).
  • Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. S. 18-19, Foto an Text).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eech zu Koler – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Administration des eaux et forêts, 1981: « son âge est estimé entre 250 et 300 ans »
  2. op Broschthéicht gemooss
  3. Administration des eaux et forêts, 1981
  4. Administration des eaux et forêts, 1981