Eemer

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
En Eemer aus Plastik

En Eemer ass e waasserdichten, vertikalen huelen Zylinder, deen och d'Form vun enger ofgeschniddener Keel kann hunn, deen uewen op ass an deen e meeschten flaache Buedem huet. En dingt dozou, Flëssegkeeten oder och alt fest, éischter reng Matièren, ze transportéiern. Meeschtens ass eng labber Hänk drunn, fir e besser ze droen, an och, fir et méi einfach ze maachen, säin Inhalt auszeschëdden.

Eemere goufen et der schonns an der Steenzäit, fir Waasser ze transportéieren. Si ware fréier aus Holz oder Lieder, méi spéit Metall, a sinn haut dacks aus Plastik.

E modernen Eemer huet gewéinlech e Faassungsvolume vu ronn 10 Liter.

D'Wuert Eemer kann een etymologesch iwwer mëttelhéidäitsch e(i)nber, e(i)mber, alhéidäitsch eimpar als Léinwuert vum laténgeschen amphora ("Krou mat Grëffer") zeréckféieren.

Perséinlech Tools