Een Häerz fir kriibskrank Kanner

Vu Wikipedia
De Sëtz vum Veräin zu Béiwen un der Atert.

Een Häerz fir kriibskrank Kanner a.s.b.l. ass e Veräin, deen e moraleschen a psychologesche Suivi fir kriibskrank Kanner a Jugendlecher ubitt. De Veräi gouf de 24. Februar 2000 vu betraffenen Elteren a Frënn vu kriibskranke Kanner, déi aus der Fondatioun Kriibskrank Kanner ausgetruede sinn, gegrënnt.[1],[2]

Vun 2000 bis 2008 war de Sëtz zu Diddeleng, an ass duerno op Béiwen un der Atert verluecht ginn. D'asbl "Een Häerz fir kriibskrank Kanner" ass zanter dem 21. Januar 2002 "reconnue d'utilité publique" (RC F377) soudatt Spenden, ouni déi de Veräin net kéint bestoen, vum besteierbaren Akommes kënnen ofgesat ginn.

D'asbl "Een Häerz fir kriibskrank Kanner" encadréiert Kanner a Jugendlecher déi u Kriibs erkrankt sinn. Och hir Elteren, Grousselteren, a Gesëschter gi mat an all Aktivitéit agebonnen.

Offeren[änneren | Quelltext änneren]

  • E moraleschen a psychologesche Suivi vun der ganzer Famill
  • Individuell Ënnerstëtzung
  • Verdeedegung vun den Intressie vun der ganzer Famill
  • Administrativ a finanziell Ënnerstëtzung am Zesummenhank mat der Erkrankung
  • Multidisciplinaire Ekipp, mat Psychologen an Ergotherapeuten
  • Ënnerstëtze vun der Recherche géint de Kriibs
  • Palliativ Begleedung

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. d'Grënnungsstatuten am Mémorial C Nr. 411: 19709-19712 vum 9. Juni 2000.
  2. 2 ONGe fir kriibskrank Kanner streiden ëm Sue vun Ierfschaft rtl.lu, 23. Mee 2011 archivéiert