Protein
| Dëse Chimiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
E Protein (Eewäiss) ass e Polymer vun Aminosaieren (tëscht 100 an e puer Dausend) déi mat enger Peptidbindung verbonne sinn, dowéinst kann een och Polypeptide soen. (Bei manner ewéi 100 Aminosaiere schwätzt een normalerweis vun engem Peptid).
Inhaltsverzeechnes |
Struktur [änneren]
Primärstruktur [änneren]
D'Primärstruktur vun engem Protein ass d'Reiefolleg vun den Aminosaieren, esou wéi se vun den RNS virgeschriwwen ass.
Sekundärstruktur [änneren]
D'Sekundärstruktur entsprécht der Positioun am Raum vun de Aminosaieren, d'Aminosaierekette bleift nämlech net linear mä faalt sech esou datt d'Energie bannent dem Molekül méiglechst kleng ass. Dobäi si verschidde Strukturen besonnesch heefeg unzetreffen:
-Helix: ass eng rietsdréiend Spiral mat engem Duerchmiesser vun 120 nm.
-Blaat: d'Aminosaieren sinn am Zickzack organiséiert.
D'Sekundärstrukturen gi stabiliséiert duerch Waasserstoffbrécken tëscht de Waasserstoff- a Sauerstoffatomer vum Proteinskelett (also net de Säitekette vun den Aminosaieren)
Tertiärstruktur [änneren]
D'Tertiärstruktur ass d'Organisatioun vun de verschiddenen Sekundärstrukturelementer ënnert sech. Déi Organisatioun gëtt bestëmmt duerch net-kovalent Bindungen tëscht den Aminosäieresäiteketten, z. B. London-Dispersiouns-Kräfte, Salzbrécken, Disulfidbrécken (déi sinn allerdengs kovalent). E Protein kann nëmmen aktiv sinn, wa seng Tertiärstruktur korrekt ass.
Quaternärstruktur [änneren]
Verschidde Proteinne brauche méi Polypeptidkette fir funktionell ze sinn, z. B. Hämoglobin. D'Quaternärstruktur beschreift wéi déi verschidde Moleküle mussen am Raum organiséiert si fir ze funktionéieren.
Funktiounen [änneren]
An den Organismen hunn d'Proteine ganz verschidden a villsäiteg Aufgaben, z. B.
- Struktur vun der Zell
- Transport vu Substanzen
- Katalys als Enzymer
- Ofwier (Antikierper)
- Aminiosaierereserv
Synthes [änneren]
Bal all d'Proteine ginn duerch Ribosomen zesummengesat déi eng RNS liesen. (kuck Molekularbiologie an Translatioun). E puer (kleng) Proteine kënnen duerch Enzymer zesummegesat ginn, an deem Fall kënnen och speziell Aminosaieren agebaut ginn, déi net am genetesche Code firgesi sinn.
Proteinen als Nährstoff [änneren]
Proteinen erfëllen an alle Beräicher vum Kierper wichteg Aufgabe vu verschiddenen Aarten. Si sinn de Grondbausteen vun allem Liewen. Si bilden nieft de Kuelenhydrater an de Lipiden den Haaptbestanddeel vun der mënschlerer Ernährung. De Kierper besteet aus 15 bis 20% aus Proteinen, mä e brauch awer dauernd d'Opnahm vun hinnen, well en se net selwer hirstelle kann.
Déi Proteinen déi mam Iessen opgeholl ginn an eng aner Aminosaierkombinatioun hunn, wéi déi Proteinen dei am mënschleche Kierper sinn, ginn am Darm duerch Enzymer an hir Bestanddeeler zerluegt. Da gi si dem nei zesummegesat datt si dem Kierper sengen Ufuerderungen entspriechen.
| Commons: Proteins – Biller, Videoen oder Audiodateien |
-Helix: ass eng rietsdréiend Spiral mat engem Duerchmiesser vun 120 nm.
-Blaat: d'Aminosaieren sinn am Zickzack organiséiert.