Efraín Ríos Montt

Vu Wikipedia
Efraín Ríos Montt
Gebuer 16. Juni 1926
Gestuerwen 1. Abrëll 2018
Guatemala-Stad
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Guatemala
Aktivitéit Politiker, Offizéier
Famill
Kanner Adolfo Homero Ríos Sosa

De José Efraín Ríos Montt, gebuer de 16. Juni 1926 zu Huehuetenango, Guatemala, ass e guatemalteekesche Militär a war vun 1982 bis 1983 President vu sengem Land. Hie gouf am Mee 2013 wéinst Genozid a Verbrieche géint d'Mënschlechkeet zu 80 Joer Prisong verurteelt an ass domat deen éischte Politiker, dee wéinst Vëlkermuerd am eegene Land vun engem eegene Geriicht condamnéiert gouf.

Den Efraín Ríos Montt ass am Mäerz 1982 duerch e Militärputsch aun d'Muecht komm a gouf am August 1983 vu rivaliséierende Militärkreesser wéinst "Onzourechnungsfäegkeet“ ofgesat. Ënner dem Montt senger Herrschaft goufen Dausende vu Mënschen, dorënner vill Ixil, ermuert.[1] Wéinst senger ferm antikommunistescher Haltung gouf de Montt vum US-President Ronald Reagan senger Regierung militäresch a politesch ënnerstëtzt; de Reagan huet en e Mann „mat grousser perséinlecher Integritéit an Asazbereetschaft" genannt, "deen den Erausfuerderunge vun enger brutaler, vum Ausland ënnerstëtzter Guerilla“ géintiwwerstéing.[2],[3]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.nzz.ch/aktuell/international/efrain-rios-montt-in-guatemala-vor-gericht-general-prediger-diktator--und-voelkermoerder-1.17975142 Nzz.ch
  2. US-backed Guatemalan former dictator gets life for genocide. Russia Today online, 11. Mee 2013
  3. The American Presidency Project. Remarks in San Pedro Sula, Honduras, Following a Meeting With President Jose Efrain Rios Montt of Guatemala. 4. Dezember 1982