Egbert vu Wessex

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Egbert vu Wessex
ëm 770 – Juli 839
Egbert.jpg
Kinnek vu Wessex
Amtszäit 802-839
Virgänger Beorhtric
Nofolger Ethelwulf
Papp Ealhmund
Mamm  ?


Den Egbert (och Ecgberht oder Ecgbert) (~770-Juli 839) war Kinnek vu Wessex vun 802 bis zu sengem Doud. Ënner dem Egbert gouf Wessex zum mächtegste Kinnekräich vun der Heptarchie, zu Ongonschte vu Mercien.

De Parentage vun Egbert ass eng kniwweleg Geschicht. An der Angelsächsescher Chronik steet beim Joer 825 datt den Egbert sech bei sengen ëstlechen Eruewerungszich nëmmen dat zréckgeholl hätt, wat souwisou rechtméisseg him gehéiert hätt. Dem Egbert säi Papp war e gewëssenen Ealhmund, a mir fannen een Ealhmund, Kinnek vu Kent, an enger Charte vu 784, deen an enger spéiderer Additioun zum Joer 784 an der Chronik mam Egbert sengem Papp identifizéiert gëtt. Et ass awer och méiglech datt d'Chronik vun 825 sech op eng Fuerderung vum Ine vu Wessex bezitt, den Egbert ass en Nofolger vu sengem Brudder Ingeld.

No der Ermuerdung vum Kinnek Cynewulf 786 geet d'Kroun emol un de Beorhtric engem Alliéierten vum Offa vu Mercien. Wahrscheinlech ab 789 geet den Egbert an d'Exil, nodeem e vum Offa a Beorhtric verwise gëtt. Den Egbert huet sech bei de Franken um Kontinent opgehalen. D'Dauer vun dësem Exil ass onbekannt, d'Theorië gi vun 3 bis 13 Joer. En dräizengjäregt Exil géif den Openthalt vum Egbert bis zum Doud vum Beorhtric erklären.

De Beorhtric huet sech de Kinneke vu Mercien ënnergeuerdnet (dem Offa an ab 796 dem Coenwulf), den Egbert wollt allem Uschäin no méi Onofhängegkeet fir Wessex. Nom Beorhtric sengem Doud (802) gouf hie vun de Westsachsen och als Kinnek unerkannt, mä um Dag vu senger Trounbesteigung huet den Ælthelmund, Herzog vun den Hwicce, en Ugrëff op Wessex gestart. Den Ælthelmund gouf vum Weoxtan, Herzog vu Wiltshire, geklappt an ëmbruecht, dëse léisst awer och säi Liewen am Kampf.

815 verwüst den Egbert dei komplett westwalisesch Territoiren (zu där Zäit wuel net méi wéi Cornwall). Doduerch gëtt ugeholl datt zanter der Herrschaft vum Egbert Cornwall Wessex ënnersteet. Dat nächst wichtegt Evenement während senger Herrschaft ass d'Néierlag vum Beornwulf vu Mercien op er Plaz mam Numm Ellandun am Joer 825. No dëser Victoire hu sech Kent, Surrey, Essex a Sussex dem Kinnek vu Wessex ënnergeuerdnet. East Anglia, wat géint Mercien rebelléiert, akzeptéiert den Egbert nom Doud vum Beornwulf als Iwwerhär. 829 eruewert de Kinnek Mercien an Northumbria, déi hien och als Iwwerhär akzeptéieren. 830 leet hien en erfollegräiche Feldzuch géint Wales, am selwechte Joer gëtt Mercien nees onofhängeg ënner dem Wiglaf. Ongewëss ass, op dëst d'Folleg vun enger Rebellioun ass, oder op den Egbert dem Wiglaf den Troun iwwerlooss huet. 836 gëtt den Egbert vun den Dänen geklappt, mä 838 gewënnt hien eng Schluecht géint si an hir westwalisesch Alliéierten zu Hingston Down (Cornwall).

Den Egbert huet sech mat der Redburga, enger fränkescher Prinzessin (méiglecherweis eng Schwéiesch vum Karl dem Groussen), bestuet, an hat zwéi Jongen an eng Duechter. Den Egbert ass ëm d'Joer 839 gestuerwen a gouf zu Winchester begruewen. Säin Nofolger gëtt säi Jong Ethelwulf.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]


Virgänger:
Wiglaf
Kinnek vu Mercien
829-830
Nofolger:
Wiglaf
Virgänger:
Beorhtric
Kinnek vu Wessex
802839
Nofolger:
Ethelwulf
Virgänger:
Offa
Bretwalda
Commons: Egbert of Wessex – Biller, Videoen oder Audiodateien