Egide Thein

Vu Wikipedia
Egide Thein
Gebuer 14. Februar 1944
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Diplomat

Den Egide Thein, gebuer de 14. Februar 1944 zu Lëtzebuerg, ass e Lëtzebuerger fréieren Offizéier an Diplomat deen haut a Florida an de Vereenegte Staate wunnt.

Den Egide Thein ass zu Biekerech, wou en och nach als Nuckessen Egide bekannt ass, beim Schoulmeeschter Lambert an d'Primärschoul gaangen an huet duerno säi Secondaire um Lampertsbierg an der Industrieschoul gemaach.

Nom Premièresexamen huet hie vun 1964 bis 1969 eng Offizéieschformatioun op der belscher Miltärschoul zu Bréissel gemaach. Seng Offizéieschcarrière huet hien dunn um CIM um Härebierg ugefaangen, wou hie bis 1975 Peletonschef an der deemoleger A-Kompanie ënner de Kompanieskommandanten Ernest Thiel an Armand Bruck war. Du krut hien eng Nominatioun als Fligeladjudant vum Prënz Henri, wou hie bis 1989 bliwwen ass. An der Tëschenzäit (1983) hat hien nach eng Formatioun op der U.S. Defense Information School als Public Affairs Officer gemaach.

1989 gouf hien an d'USA geschéckt, wou hie vun 1989 bis 1995 Generalkonsul vum Grand-Duché an Direkter vum Luxembourg Board of Economic Development war.

1991 war hie Spriecher op der UNO fir d'Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft.

Vun 1995 bis 2005 war e Generalvertrieder fir d'Spuerkeess um amerikanesche Kontinent.

Hien ass de Grënner vun der Luxembourg-American Chamber of Commerce, dem Luxembourg Business Journal, der Truth Technologies a vun David's Farms, engem Hëllefsveräi fir autistesch a soss an der Entwécklung benodeelegt Leit.

Den Egide Thein ass mat der Françoise Leman bestuet, huet dräi Kanner a wunnt zur Zäit zu Naples a Florida.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]