Eisebunnsbréck Steenem-Edingen

Vu Wikipedia
Eisebunnsbréck Steenem-Edingen
Geographie
Land Lëtzebuerg
Däitschland
Plaz LUXLUX Steenem
DEUDEU Edingen
Flosskilometer 21,150
Koordinaten 49° 48’ 45.2’’ N
      06° 29’ 16.2’’ O
Chronologie
Baujoer 1940
Ofgerappt 1944 / 1945
Funktioun
Benotzt als Eisebunnsbréck (1940)
Foussgängerbréck (1941-1944)
Gleiser 1
Uschloss un LUXLUX Sauerstreck
DEUDEU Nims-Sauertalbahn
Féiert iwwer Sauer
Technesch Detailer
Bréckentyp Dunnebréck
Totallängt ± 500 m
Material Holz
Bemierkungen
Bauhär Wehrmacht


D'Eisebunnsbréck Steenem-Edingen war eng Eisebunnsbréck iwwer d'Sauer tëscht Steenem an Edingen déi vum Drëtte Räich an der Zäit vum Zweete Weltkrich gebaut gouf. Et war eng strateegesch Verbindung tëscht der lëtzebuergescher Sauerstreck an der däitscher Sauertalbahn.

Mam Bau vun der Bréck gouf den 11. Mee 1940 ugefaangen, a scho fënnef Deeg duerno konnten Zich driwwer fueren. Den Uschloss vum Gleis war op der Sauerstreck beim P.k. 33,14 an op der Sauertalbahn um P.k. 27,3.

Fir keng grouss Äerdbeweegunge mussen ze maachen, an d'Gleis am Niveau ze halen, war bal déi ganz Streck tëscht den zwéin Uschlëss op Pilieren opgeriicht ginn. D'Bréck war eng ronn 500 Meter laang an huet um Flosskilometer 21.15 iwwer d'Sauer geféiert. Schonn no e puer Woche war se bei engem Héichwaasser beschiedegt ginn a konnt net méi mat Zich befuer ginn. Se gouf du vun den Awunner vu Steenem a vu Edingen als Foussgängerbréck benotzt. Am Wanter 1944 / 45 gouf s'ewechgerappt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]