Eisebunnsbréck vu Cubzac

Vu Wikipedia
Eisebunnsbréck vu Cubzac vum lénksen Uwänner gesinn
Eisebunnsbréck vu Cubzac vum lénksen Uwänner gesinn

D'Eisebunnsbréck vu Cubzac iwwer d'Dordogne ass eng Bréck op der Streck Chartres-Bordeaux um P.K 594,750 tëscht Cubzac-les-Ponts a Saint-Vincent-de-Paul am Departement Gironde.

D'Bréck gouf 1866 a Betrib geholl. De gréissten Deel ass e Fachwierkbau am Fer forgé. Se ass am Ganzen 2.178 Meter laang, 21,80 Meter breet an Haaptdrowäit ass 73,60 m.

Se besteet aus véier groussen Deeler:

  • Eng Opfaart op d'Haaptbréck mat engem Fachwierkbau ënner dem Tablier vun 291 Meter.
  • D'Haaptbréck iwwer d'Dordogne mat engem Fachwierkbau iwwer dem Tablier mat 562 Meter op siwe Pilieren.
  • En Deel vu 600 Meter am Fachwierkbau ënner dem Tablier deen eng Kéier bilt.
  • E gebauten Deel aus Hasteng vu 725 Meter mat 50 Béi, deen d'Fortsetzung vun der Kéier bilt.

Aarbechten un der Bréck[änneren | Quelltext änneren]

  • 2012 goufen d'Longrinen[1] ersat.
  • Vun 2015 un soll d'Bréck nei mat enger Antiraschtfaarf ugestrach ginn. Déi Aarbecht soll sech iwwer e puer Joer erauszéien an 23 Milliounen Euro kaschten.[2]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Lévi, Robert Le relevage et le sauvetage des ponts métalliques, dans "Travaux", décembre 1946, n. 146.
  • Montens, Serge Les plus beaux ponts de France, Bonneton, Paris (France), ISBN 2862532754, 2001; pp. 98.
  • Prade, Marcel Ponts et viaducs au XIXème siècle, Poitiers (France), 1988; pp. 285–287.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

D'Bréck iwwer der Dordogne Vue op d'Bréck vu Cubzac aus D'Bréck gekuckt an Direktioun St. Vincent de Paul

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Longrine si speziell Bëtongsschwellen déi och nach aner Strukturen ausser de Gleiser droe kënnen
  2. Plaquette:Réseau ferré de France, Perspectives 2012