Eisebunnsstreck Athus-Bertrix-Libramont

Vu Wikipedia
Infrabel Linn 165 / Athus-Bertrix-Libramont
Garen - Uschlëss - Brécken - Tunnelen - Barriären Km
Uschloss: Athus
Uschloss: Rodange
Uschloss: Mont-Saint Martin
Aubange
Halanzy
Signeulx
Ofzweigung: Gorcy
Virton Marbehan-Virton-Écouviez
Orgeo
Ofzweigung: Muno
Bertrix
Ofzweigung: Dinant/Namur
Uschloss: Namur/Bréissel a fréier St. Vith
Libramont
Uschloss: Namur - Arel/Lëtzebuerg
Den Eisebunns-W vun Éibeng, vir den Aarm op Mont-Saint-Martin, an der Mëtt deen op Rodange an hannen dee fir op Attem.
D'Linn 165 um PK 132
En AR 41 SNCB ennnerwëe op der Linn 165 tëscht Attem an Éibeng.

D'Infrabel-Linn 165 ass eng belsch Eisebunnsstreck déi vu Libramont op de W bei Attem féiert. Um W deelt se sech a leeft lénkser Hand op Attem a rietser Hand op d'franséisch Grenz bei Mont-Saint-Martin.

Zesumme mat der Streck 166 Bertrix-Dinant bilt se déi sougenannt Athus-Meuse.

Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Déi zweegleiseg Streck gouf a véier Etappe gebaut déi wéifollegt opgaange sinn:

Aus wirtschaftleche Grënn, notamment wëll déi international Gidderzich hei ongestéiert fuere kënnen, ass de gréissten Deel vun der Streck zanter dem 15. Oktober 2002 mat enger 25 kV 50 Hz Catenaire ekipéiert. D'Grenz fir an de Gläichstroumreseau läit zu Recogne bei Libramont.

De ganze Giddertrafic Belsch - Lëtzebuerg gëtt haut iwwer d'Linn 165 ofgewéckelt a wëll d'Gidderzich dobäi an der Belsch iwwer den 3kV Reseau musse fuere fir op d'Athus-Meuse ze kommem, gëtt de Giddertrafic exklusiv vun CFL 3000 an SNCB T13 gefuer.

Den Eisebunns-W bei Éibeng[änneren | Quelltext änneren]

Nieft dem Containerterminal vun Attem läit de W vun Éibeng deen déi bis dohin zweegleiseg Linn an 3 Deeler spléckt. Lénks geet et iwwer Attem op Arel, an der Mëtt leeft déi sougenannten 'Éibenger Kéier' op Rodange a riets geet et op Mont-Saint-Martin.

Och wann en Eisebunns-W u sech schonn eng Raritéit ass, sou ass deen zu Éibeng schonn eleng duerch seng Geschicht interessant.

Ier d'Linn elektrifizéiert war, hu béid Gleiser vun der Linn 165 op Attem gefouert an all Zuch fir op Rodange huet missen zu Attem Kapp maachen. 1994 ass dunn d'Éibenger Kéier gebaut ginn an d'Gidderzich konnten direkt op Rodange fueren, deemools waren dat meeschtens Zich déi d'Produite vun der Stolindustrie an der Minettsgéigend op Antwerpen gefouert hunn. D'Zich aus der Belsch fir an d'Frankräich hu weiderhi missen zu Rodange oder Beetebuerg Kapp maachen.

2004 ass, am Kader vun der Elektrifizéierung vun der Streck, eng Ofzweigung Éibeng - Mont-Saint-Martin gebaut ginn. Et huet zwar virdru schonn eng Linn bestanen, mä de maroden Zoustand vun de Schinnen an déi ongënschteg Lag par Rapport zur Linn 165, huet en Neibau méi effektiv gemaach.

Duerch dësen Neibau besteet haut e Gleisdräieck tëscht Éibeng, Rodange an Lonkech deen integral elektrifizéiert ass an eng Dréischeif fir den internationale Gidder- a Persounentrafic ass.

Zich déi iwwer d'Linn 165 fueren[änneren | Quelltext änneren]

D'Linn 165 ass an der Haaptsaach eng Gidderstreck, déi eréischt relativ rezent (2006) och vu Persounenzich befuer gëtt.

Uschlëss[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Linn 165 – Biller, Videoen oder Audiodateien

D'Linn 165 op belrail.be