Eisebunnsstreck Battice-Verviers

Vu Wikipedia

D'Eisebunnsstreck Battice-Verviers bei der SNCB als Linn 38A numeréiert, war eng Eisebunnsstreck déi Battice mat Verviers verbonnen huet. Zu Battice hat se Uschloss un d'Linn 38 an zu Verviers un d'Linn 37.

D'Streck gouf an zwou Etappen opgemaach:

Wéi den 1. Februar 1930 d'Gare Verviers-Central opgoung, gouf den Deel vun der Linn 37 tëscht Verviers-Central a Verviers-Ouest dee schonn zanter 1843 bestanen huet mat der Linn 38A assimiléiert.

D'Streck tëscht Battice an Dison gouf bei der däitscher Invasioun am Zweete Weltkrich zerstéiert an ni méi gefléckt. Gläichzäiteg huet de Persounentransport op der ganzer Linn opgehalen. De Marchandisentransport huet nach bis 1961 funktionéiert, an d'Gleiser goufen dat Joer drop ewechgerappt. Just den Uschloss tëscht dem Chic-Chac Tunnel a Verviers-Ouest blouf bis 1994 bestoen. Dat war och den eenzegen Deel vun der Streck deen zweegleiseg war.

Garen op der Streck[änneren | Quelltext änneren]

Battice (38) - Chaïneux - Dison - Lambermont - Verviers-Central (37) - Verviers-Ouest