Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der neier direkter Zuchstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg, déi am Bau ass. Fir déi aktuell Streck iwwer Bierchem, kuckt wgl. Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg Grenz.
Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg
D'Streck am Bau, nërdlech vun der Aire de Berchem (Mee 2020)
Besëtzer Lëtzebuerg
Bedreiwer CFL
vu(n) Gare Lëtzebuerg
op Gare Beetebuerg
opgaangen 2025
Technesch Donnéeën
Längt 7 km
Spuerbreet Normalspuer
Streckentyp duebelgleiseg
Vitesslimitatioun 160 km/h
Garen - Uschlëss - Brécken
Tunnelen - Barriären
P.K.
Gare Lëtzebuerg 00,00
A3
Fennerholz
CR158
Méckenheck
Bibeschbaach
N31
Rue de Livange
Hammelspronk CFL-Linn 6
Uelzecht
Gare Beetebuerg 7,00

D'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg - Beetebuerg ass eng Eisebunnsstreck vun der Lëtzebuergescher Eisebunnsgesellschaft CFL déi zanter 2015 am Bau ass. Se soll déi al Streck déi als eng Haaptachs vum lëtzebuergeschen Eisebunnsnetz zielt an zäitweis saturéiert ass, entlaaschten.

Virgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

De 16. Oktober 2014 ass an der Chamber e Finanzéierungsgesetz fir eng nei Eisebunnsstreck tëscht Lëtzebuerg a Beetebuerg gestëmmt ginn[1] dat den 19. Dezember 2014 publizéiert gouf[2]. Am Januar 2015 huet déi éischt Phas vun de Virbereedungsaarbechten ugefaangen, andeems an der Géigend vun der Aire de Berchem eng Surface vun ronn 6 ha ofgeholzt gouf[3]. Mat den Aarbechte fir de Bau vun der Streck gouf dunn am Hierscht vum selwechte Joer ugefaangen[4].

Wann uganks dovu rieds goung, datt d'Streck 2023-2024 fäerdeg wär[5], gouf duerno den Datum vum Fuerplangwiessel am Dezember 2024 ugepeilt[6]. Am Dezember 2020 gouf du bekannt, datt deen Delai net méi realistesch wär, well et Problemer géif fir verschidden Terrainen ze kréien[7],[8].

Streck[änneren | Quelltext änneren]

D'Bréck "OA 14" iwwer d'Autobunn A3

Déi nei Streck fänkt an der Géigend vum zukünftege Pôle d'échange Houwald un, féiert iwwer eng nei Bréck iwwer d'A3 a leeft da gréisstendeels parallel mat der Autobunn Richtung Süden. Se leeft westlech laanscht d'Aire de Berchem an op der Héicht vum Echangeur Beetebuerg ënnert der N31 erduerch. Mat engem Hammelspronk geet s'iwwer déi aktuell Beetebuerger Streck ewech a leeft virun a Richtung vun der Beetebuerger Gare.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Beetebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Projet de loi modifiant la loi modifiée du 10 mai 1995 relative à la gestion de l'infrastructure ferroviaire (Construction d'une nouvelle ligne ferroviaire entre Luxembourg et Bettembourg - Phase I). - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2020-12-30.
  2. Loi du 19 décembre 2014 modifiant la loi modifiée du 10 mai 1995 relative à la gestion de l'infrastructure ferroviaire. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2020-12-30.
  3. Préparation du chantier de la nouvelle ligne ferroviaire Luxembourg – Bettembourg. gouvernement.lu (2015-09-01). Gekuckt de(n) 2020-12-30.
  4. Nouvelle ligne ferroviaire Luxembourg–Bettembourg: début du chantier. gouvernement.lu (2015-01-27). Gekuckt de(n) 2020-12-30.
  5. "Mon successeur devra poursuivre la dynamique engagée". gouvernement.lu (2018-01-22). Gekuckt de(n) 2020-12-30.
  6. Bettemburg: Neue CFL-Strecke ist auf halbem Weg. Wort.lu (2020-02-05). Gekuckt de(n) 2020-12-30.
  7. Verspätung für neue CFL-Strecke nach Bettemburg. Wort.lu (2020-12-29). Gekuckt de(n) 2020-12-30.
  8. Question parlementaire n° 3163 - Sujet: Avancement des projets de modernisation de l'autoroute A3 et de la gare de Bettembourg. chd.lu (15.12.2020). Gekuckt de(n) 01.01.2021.