Eisebunnsstreck Libramont - St. Vith

Vu Wikipedia
Bréck iwwer de Mittelbach bei Weisten
D'Gare Baaschtnech Nord am Mee 2008
Fréier Gare vun Tavigny

D'Eisebunnsstreck Libramont - St. Vith ass eng fréier Eisebunnsstreck vun der Belscher Eisebunnsgesellschaft SNCB wou se Ligne 163 heescht.

Dës Streck gouf a véier Etappe gebaut:

  • 1869 gouf d'Streck Libramont - Baaschtnech a Betrib geholl (28 km).
  • 1884 koum Baaschtnech - Limerlé mat 24 km dobäi.
  • 1885 gouf d'Verbindung Limerlé - Gouvy gebaut (6 km)
  • 1920 ass Gouvy - St. Vith a Betrib gaangen (21 km). Dësen Deel war awer schonn am Éischte Weltkrich vun den däitsche Besatzungstruppen ugefaange gi mat bauen. Am Zweete Weltkrich gouf dësen Deel schwéier beschiedegt an net méi an d'Rei gesat. D'Schinne goufen 1963 ewechgerappt.
  • 1984 gëtt d'Streck aus dem Betrib geholl an deelweis ofgerappt. Just um Deel tëscht Libramont a Baaschtnech bleiwen d'Gleiser leien an et ass och virgesinn dat Stéck erëm a Betrib ze huelen. Et kann een d'Streck deelweis nach gutt um Terrain gesinn well wéinst der hiwweleger Géigend waren d'Dämm relativ héich opgeschott an et goufen och déif Tranchéeën erausgehäit.
  • 2014 wéinst der neier Industrieplaz bei Courtil wou och en zentraliséierten Holzdepot de Pôle Ardenne Bois an eng grouss Seeërei sech installéiert hunn, gouf vun der Gare Gouvy aus en neit Gleis op der fréierer Streck bis op Courtil geluecht.

Gouvy - St. Vith[änneren | Quelltext änneren]

Tëscht Gouvy a St. Vith sinn d'Garen all ewechgerappt. Bei Beho huet en Entreprener säi Maschinnepark op der Plaz vun der fréierer Gare stoen, zu Weisten huet sech eng Seeerei op der Streck installéiert an zu Krombach ass eng kleng Cross-Pist drop. D'Brécke stinn nach all op dësem Deel vun der Streck.

Verlaf vun der Streck[änneren | Quelltext änneren]

Libramont - Ourt - Bernimont - Wideumont - Rosières - Morhet - Sibret - Villeroux - Baaschtnech-Süd - Baaschtnech-Nord - Bizory - Bourcy - Tavigny - Limerlé - Gouvy - Beho - Maldingen - Weisten - Krombach - St.Vith.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]