Eisebunnsstreck Rëmeleng-Ëtteng - Boulange

Vu Wikipedia
Thumb
Thumb
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz iwwer d'Eisebunn. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Eisebunnsstreck Rëmeleng-Ëtteng - Boulange
Garen - Uschlëss - Brécken - Tunnelen Km
Uschloss: Linn 6c
(bis 1996)
Rëmeleng-Ëtteng
Grenz Lëtzebuerg - Frankräich
Ëttenger Schmelz
Minière Ëtteng II
Tunnel vun Nondkeil
Uschloss Däitsch-Oth
(net méi a Betrib)
Gare Boulange 10,4
Uschloss Fensch
(net méi a Betrib)

D'Eisebunnsstreck Rëmeleng-Boulange war eng Privatstreck (Industriegleis) déi vun der Gare Rëmeleng-Ëtteng op Boulange a Frankräich gefouert huet a vun den Ëttenger Minièrë bedriwwe gouf.

D'Streck huet vun der Grenz un, dem Dall vun der Keelbaach no iwwer Ëtteng op Nondkeil an duerno duerch de Fonds de Bure laanscht Havange op de Plateau vu Boulange gefouert wou se Uschloss un d'Streck Fensch - Däitsch-Oth hat. Op der Héicht vun Nondkeil gouf et e klengen Tunnel deen nieft de Brécken zu Ëtteng an e puer Stéck op der Gewan tëscht Ëtteng a Boulange, den eenzege gréissere Konschtbau op der Streck war.

Den Ënnerbau vun der Streck war schonn 1937 fäerdeg. Déi franséisch Eisebunn huet awer ni e Gleis geluecht an 1950 gouf d'Streck deklasséiert. Duerno koum se an de Besëtz vun den Ëttenger Minièren déi dunn e Gleis geluecht hunn, dat 1959 a Betrib geholl gouf, a 16 Joer duerno 1975 zougemaach gouf.

D'Streck gouf ganz ewechgerappt an ausser de Garë vu Boulange a Rëmeleng an enger Eisebunneschwunneng déi zu Ëtteng laanscht d'Streck stoung (warscheinlech e Gardshaischen) ass net méi vill dovun ze gesinn.

Fréier Gare Rëmeleng-Ëtteng, Säit vun de Gleiser
D'Gare vu Boulange 2014