Eisebunnsstreck Wolz-Schëmpech

Vu Wikipedia
Eisebunnsstreck Wolz-Schëmpech
D'Statiounsgebai Schëmpech-Wampech am Mee 2008

D'Eisebunnsstreck Wolz-Schëmpech war eng Eisebunnsstreck vun der lëtzebuergescher Eisebunnsgesellschaft CFL.

D'Streck gouf Enn der 1880er Jore vun der Prënz Hari Gesellschaft gebaut, an huet vum 1. Juli 1888 bis de 24. September 1967 funktionéiert.

Den Ufank vun der Streck war an der Gare vu Wolz, wou se Uschloss un d'Streck Kautebaach-Wolz hat.

Vu Wolz aus huet d'Streck duerch den Dall vun der Wolz, weider iwwer Wanseler, d'Schleef, laanscht Schëmpech an Nidderwampech, bis op d'belsch Grenz bei Benonchamps gefouert. Vun do aus hat se Uschloss un d'Linn 164 vun der belscher Eisebunn, an iwwer déi eraus, vum Y bei der Gare Baaschtnech-Nord, Uschloss un d'Linn 163 déi op Libramont an op Sankt Vith gefouert huet.

Op der Streck gouf et dräi Garen, an zwar zu Wanseler, an der Schleef an am Süde vun Nidderwampech, fir Wampech a Schëmpech.

Well d'Streck net iwwerall konnt laanscht d'Wolz gefouert ginn, ware véier Tunnelle gebaut ginn. Den éischte vu Wolz ausgesinn huet am Nordweste vu Wanseler ënner dem Hälzchen erduerchgefouert (110 Meter), deen zweeten hanner der Schleef ënner der Déidschleedchen (115 Meter), den drëtten direkt eng 350 Meter duerno ënner de Réngelsbueren (215 Meter), an de leschte kuerz viru Schëmpech ënner dem Schass (185 Meter).

D'Streck war eegleiseg, a si war 10,11 Kilometer laang

Hautdesdaags ass eng grouss Parti vun der Streck eng Vëlospist.

Déi fréier Gare an der Schleef (Mee 2008)
Gardshaischen an der Schleef (Mee 2008)
Fréier Eisebunneschwunnengen op der Halt vu Schëmpech