Eisekuch

Vu Wikipedia
"Bréisseler Eisekuche" mat Äerdbier

En Eisekuch ass e platt Gebäck dat an engem Eisekuchseise gebak gëtt.

E gëtt aus engem zimmlech flëssegen Hiefdeeg aus Miel, Mëllech an Eeër gemaach.

Eisekuche gi gär op Kiermesse verkaaft. Zu Lëtzebuerg sinn dat meeschtens sougenannt Bréisseler Eisekuchen ("gaufres de Bruxelles"). Déi si rechteckeg, méi lëfteg a liicht krupseg, a se gi gär mat Pudderzocker, engem Flapp Schlagsan an och alt Äerdbierstécker dekoréiert. Déi aner Variant sinn Eisekuche vu Léck ("gaufres de Liège"); déi si méi kleng a méi kompakt, vun éischter ovaler Form, an do gëtt den Zocker mat an den Deeg ënnergeréiert.

Wäffelcher sinn Eisekuchen, déi méi kleng sinn, an uganks eng Form vun engem Véierelssegment vun engem Krees hunn. Virum Ofkille kann ee se als Cornet rullen.

Eng besonnesch Zort déi een an der Belsch op Kiermesse fënnt sinn d'Lécker Lacquemanten.

Ausserdeem kritt een am Handel platt oder mat Gebeess gefëllt Waffelen, respektiv Eisekuchen ze kafen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eisekuchen – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wiktionnaire: Eisekuch Definitioun, Synonymmer an Iwwersetzungen