Eisen (Symbol Fe) ass e cheemescht Element mat der Uerdnungszuel 26 am Periodesystem vun den Elementer. Seng relativ Atommass ass 55,845.
De Schmëlzpunkt läit bei 1.535 Grad Celsius an de Kachpunkt bei 2.862 Grad.
Eise gëtt primär duerch Verhüttung am Héichuewen vun Eisenäerzer gewonnen. Donieft gëtt méi a méi Schrott an Elektroiewen geschmolt a sou recycléiert.