Eisenach

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Stad Eisenach am däitsche Bundesland Thüringen. Fir d'Gemeng Eisenach am Landkrees Béibreg-Prüm, kuckt w.e.g. Eisenach (Äifel).
Eisenach
Wopen
Eisenach (Däitschland)
Eisenach
Land: Flag of Germany.svg Däitschland
Bundesland: Coat of arms of Thuringia.svg Thüringen
Fläch: 103,84 km²
Awunner: 41.744 (31. Dez. 2012)
Héicht: 215 m
Koordinaten: 50° 59′ N, 10° 19′ O50.97694444444410.3219444444447Koordinaten: 50° 58′ 37″ N, 10° 19′ 19″ O
Nikolaikierch zu Eisenach
Haus vum Martin Luther
D'Wartburg

Eisenach ass eng kreesfräi Stad am Westë vun Thüringen. Si ass als Luther-, Bach- a Wartburgstad bekannt an hat d'Deelfunktioun vun engem Uewerzentrum.

Den Numm kënnt vun Issenach / Isenacha, séiert Waasser oder vum kelt. Waasserlaf am Sumpfdall.

Eisenach läit um nërdlechë Bord vum Thüringer Wald an duerch d'Stad fléissen d'Werra, d'Hörsel an d'Nesse.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Ausdehnung vum Stadgebitt[änneren | Quelltext änneren]

  • Stadgebitt: 103,85 Quadratkilometer
  • Bëschflächen: 37,52 Quadratkilometer
  • Landwirtschaftlech Notzflächen: 45,39 Quadratkilometer
  • Bebaute Flächen: 7,44 Quadratkilometer
  • Verkéiersflächen: 6,10 Quadratkilometer
  • Industrieflächen: 1,12 Quadratkilometer

Nopeschgemengen[änneren | Quelltext änneren]

  • Herleshausen (Werra-Meisner-Kreis)
  • Krauthausen
  • Mihla
  • Hörselberg
  • Wutha-Farnroda
  • Marksuhl
  • Gerstungen

Stadglidderung[änneren | Quelltext änneren]

Zu Eisenach gehéieren d'Uertsdeeler

Dës Uertsdeeler hunn Uertschaftsverfaassungen, woubäi Neuenhof an Hörschel souwéi Wartha a Göringen all Kéier zu enger Uertschaft zesummegefaasst sinn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Um Stadgebitt vun Eisenach steet d'Wartburg, déi zum Schutz vun der Via Regia 1067 gebaut gouf. Géint Enn vum 12. Joerhonnert gouf si d'Residenz vun de Landgrofe vun Thüringen. Zu Eisenach huet déi Helleg Elisabeth gelieft, 1521/22 an de Martin Luther huet sech doi verstoppt an d'Neit Testament vun der Bibel op Däitsch iwwersat.

D'Stad gouf 1180 fir d'éischt Kéier ernimmt. Nom Enn vun de Ludowinger an den domat verbonnenen hessesch-thüringeschen Ierffollegkricher 1247-1264 gouf Eisenach Wettiner Gebitt. 1283 krut Eisenach d'Stadrecht a gouf zum juristeschen Uewerhaff vum Landgrof. 1405 huet Eisenach de Status als Sëtz vum Landgrof nees verluer, a 1450 gouf d'Mënzplaz zougemaach.

1498 koum de Martin Luther als Latäinschüler eng éischt Kéier op Eisenach. Den 2. Mee 1521 huet hien, nodeem hie vum Wormser Räichsdag zréckkomm war, an der Georgienkierch gepriedegt. Den Dag drop gouf hien op der Wartburg als Junker Jörg a Schutzhaft geholl, an ass bis den 1. Mäerz 1522 dobliwwen an huet d'Bibel aus dem griicheschen Urtext an d'Däitscht iwwersat. 1525 goufen am Kader vun de Bauerekricher verschidde Gebaier zu Eisenach zerstéiert - eng gutt Partie Rebelle goufe virun der Georgienkierch gekäppt an nach haut erënnert e Kräiz um Pawee virun der Kierch dodrun. 1528 gouf Eisenach am Zuch vun der Reformatioun evangelesch, éischte Superintendent gouf de Justus Menius. 1596 gouf Eisenach fürstlech Residenz ënner dem Herzog Johann Ernst.

Den 21. Mäerz 1685 ass de Johann Sebastian Bach zu Eisenach op d'Welt komm, a gouf do an der Georgenkierch gedeeft. Säi Papp, den Ambrosius Bach, war de Leeder vun der Rotstrompetterei. Zu Eisenach hunn d'Barockkomponiste Johann Pachelbel a Johann Christoph Bach als Organiste souwéi de Georg Philipp Telemann als Haffkapellmeeschter gewierkt.

1741 ass d'Herzogtum Sachsen-Eisenach mam Doud vum Herzog Wilhelm Heinrich un den Herzog Ernst August vu Sachsen-Weimar gaangen. 1777 war de Johann Wolfgang von Goethe op Aluedung vum Herzog eng éischt Kéier op der Wartburg. 1807 war den Napoléon an der Stad, am Laf vun den Transporter während de Koalitiounskricher koum et den 1. September 1810 zu enger Polferexplosioun - nach haut erënnert de schwaarze Bur dodrun. 1814 war den Zar Alexander I. vu Russland zu Eisenach.

D'Wartburgfest vun der der "Allgemeinen Deutschen Burschenschaft" 1817 huet vill zum Enn vun der Klengstaaterei an Däitschland bäigedroen. E weidert Wartburgfest gouf et och am Joer 1848. Zanter 1850 huet de Wingolfsbund all zwee Joer säi Wartburgfest zu Eisenach gefeiert.

1840 koum de Physiker Ernst Abbe zu Eisenach op d'Welt. 1847 gouf mat der Faart vu Gotha op Eisenach d'Eisebunn a Betrib geholl. 1859 gouf den Deutsche Nationalverein an der Wiertschaft Phantasie gegrënnt. Den August Bebel an de Wilhelm Liebknecht hunn an der Wirtschaft Goldener Löwe 1869 d'Sozialdemokratische Arbeiterpartei gegrënnt, wouraus méi spéit d'SPD ervirgaangen ass. 1896 gouf d'Eisenacher Fahrzeugfabrik gegrënnt. 1899 gouf d'Monument vum Wingolfsbund fäerdeggestallt an 1902 d'Burschenschaftsdenkmal ageweit. 1904 ass déi haiteg Eisenacher Gar opgaangen an 1907 d'Bachhaus.

Eisenach ass Sëtz vum Landesbëschof vun der Evangelesch-Lutherescher Kierch an Thüringen.

Zäittafel an Herrschertabell[änneren | Quelltext änneren]

Johann Wilhelm vu Sachsen-Eisenach
  • 1067: der So no Grënnung vun der Wartburg.
  • 1131: Grënnung vun der Landgrofschaft Thüringen ënner de Ludowinger.
  • Mëtt 12. Joerhonnert: D'Stad Eisenach entsteet.
  • 1264: D'Wettiner kafen d'Landgrofschaft Thüringen, Eisenach fält u Wettin.
  • 1485: Leipziger Deelung, d'Ernestinesch an d'Albertinesch Linn vun de Wettiner entstinn an Eisenach fält un d'Ernestiner.
  • 1547: D'Ernestiner verléieren d'sächsesch Kurwürde.
  • bis 1572: Eisenach ass Deel vum Ernestinesche Gesamtbesëtz.
  • 1572: Erfurter Deelung. Eisenach ass en Deel vum Fürstentum Sachsen-Coburg-Eisenach.
  • 1596: Eisenach gëtt vu Sachsen-Coburg getrennt.
  • 1596-1638: Herzog Johann Ernst (*1566, †1638).
  • 1633: De Johann Ernst keeft Sachsen-Coburg, Eisenach ass nees en Deel vu Sachsen-Coburg-Eisenach.
  • 1638: Eisenach gëtt ënner Sachsen-Weimar a Sachsen-Altenburg opgedeelt, d'Stad Eisenach fält u Sachsen-Weimar.
  • 1638-1641: Eisenach ass en Deel vu Sachsen-Weimar.
  • 1641: Eisenach gëtt vu Sachsen-Weimar getrennt.
  • 1641-1644: Herzog Albrecht (*1599, †1644).
  • 1644: Deelung vun Eisenach tëscht Sachsen-Weimar a Sachsen-Gotha.
  • 1644-1672: Eisenach ass en Deel vu Sachsen-Weimar.
  • 1672: Eisenach gëtt nees vu Sachsen-Weimar getrennt.
  • 1672-1686: Herzog Johann Georg I. (*1634, †1686).
  • 1686-1698: Herzog Johann Georg II. (*1665, †1698).
  • 1698-1729: Herzog Johann Wilhelm (*1666, †1729).
  • 1729-1741: Herzog Wilhelm Heinrich (*1691, †1741).
  • 1741: Eisenach fält op en Neits, des Kéier endgëlteg, u Sachsen-Weimar
  • 1809: Staatsrechtlech Vereenegung vu Sachsen-Weimar a Sachsen-Eisenach.

Agemengungen / Kreesfräiheet[änneren | Quelltext änneren]

Den 1. Juli 1994 koumen Hötzelsroda, Lerchenberg, Neuenhof, Stedtfeld, Stockhausen (bei Eisenach) a Wartha-Göringen an d'Gemeng Eisenach.

Zanter 1998 ass Eisenach nees kreesfräiei, virun 1950 war Eisenach schonn eemol eng kreesfräi Stad.

Awunnerentwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Entwécklung vun der Awunnerzuel (ab 1960 31. Dezember):

1830 bis 1933

1939 bis 1995

1996 bis 2003

2004 bis

1 29. Oktober
2 31. August
3 30. September

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Stadsrot[änneren | Quelltext änneren]

De Stadsrot besteet aus dem Uewerbuergermeeschter a 36 Memberen aus folgende Parteien:

Jumelage[änneren | Quelltext änneren]

Deutschland Marburg, Däitschland zanter 1988
Frankreich Sedan, Frankräich zanter 1991
USA Waverly, USA zanter 1992
Dänemark Skanderborg, Dänemark zanter 1993
Weißrussland Mahiljou, Wäissrussland zanter 1996

Kultur a Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Theater an Televisioun[änneren | Quelltext änneren]

Eisenacher Buergen & Schlässer[änneren | Quelltext änneren]

Eisenach vun der Wartburg aus gesinn
  • Wartburg (Weltkulturierfschaft)
  • Metilstein (Ruin)
  • Eisenacher Buerg (Ruin)
  • "Steinhof", mëttelalterlech landgroflech Stadresidenz (verschwonnen, op der Plaz vun der Esplanad)
  • Residenz & Stadschlass zu Sachsen-Weimar-Eisenach
  • Residenzhaus Esplanade
  • Juegdschlass zur hohen Sonne
  • Eichel-Streiber Villa um Pflugensberg (Sëtz vun der Evangelescher Landeskierch)
  • Schlass Boyneburgk zu Eisenach-Stedtfeld
  • Schlass Fischbach
  • "Eichelsche Rittergut" zu Eisenach-Madelungen
  • Schlass zu Eisenach-Neuenhof (Privatwunnsëtz)

Monumenter a Muséeen[änneren | Quelltext änneren]

Sommergewinn[änneren | Quelltext änneren]

De Sommergewinn zu Eisenach ass e Summerfest, wat meeschtens schonn am Mäerz gefeiert gëtt. D'Fest huet eng joerhonnertelaang Traditioun. Freides a Samschdes véier Woche virun Ouschteren gëtt de Sommergewinn mat sougenannten Kommerschabenden ageleet. Den drëtte Samschde virun Ouschtere gëtt et als Héichpunkt e festlechen Ëmzuch, deen zanter 1897 zelebréiert gëtt, an all Joer ënner engem aneren Thema steet.

Economie[änneren | Quelltext änneren]

Zu Zäite vun der DDR war d'Stad de Sëtz vum Automobilwerke Eisenach (AWE), wat de PKW "Wartburg" produzéiert huet. Mä schonn zanter 1898 goufen hei um Fouss vun der Wartburg am Hörseldall Automobiler gebaut. Zanter 1904 gouf den Dixi produzéiert, éier d'Wierk 1928 vu BMW iwwerholl gouf. Während dem Zweete Weltkrich, an doriwwer eraus, goufe Motorrieder gebaut. BMW huet ausserdeem tëscht 1937 an 1945 Fluchmotoren hiergestallt. D'Stad ass bis haut vum Maschinnebau geprägt.

2003 gouf et hei 102 Industriebetriber mat ronn 8000 Mataarbechter. De Schwéierpunkt läit op Betriber aus der Automobil- a Metallindustrie. Mat 133 Industrieaarbechtsplaze pro 1000 Awunner läit Eisenach an enger Spëtzereiderpositioun wäit iwwer dem Bundesduerchschnëtt. 75 Prozent vun den Autoen an Autosdeeler vun Thüringen ginn hei produzéiert..

Perséinlechkeeten[änneren | Quelltext änneren]

Kanner vun der Stad[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eisenach – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Wartburg – Biller, Videoen oder Audiodateien