Eisene Rideau

Vu Wikipedia
Erhale Reschter vum Eisene Rideau zu Čížov.

En Eisene Rideau ass an Theateren e Rideau aus Eisen virun der Bün, deen erofgelooss gëtt, fir ze verhënneren, datt en eventuellt Feier sech iwwer dat ganzt Gebai ausbreede kann.

Den Ausdrock gouf an der Zäit vum Kale Krich als Metapher gebraucht, fir déi praktesch hermetesch zoue Grenz tëscht de sougenannten Ostblock-Staaten a Westeuropa ze beschreiwen. Am gedeelte Berlin war dës Grenz d'Berliner Mauer.

An engem geopolitesche Kontext gouf den Ausdrock bekannt duerch de Winston Churchill.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Iron curtain – Biller, Videoen oder Audiodateien