Ejektafläch

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Lava-Bommen. Capelinhos Vulcano, Faial, Azoren.

Als Ejektafläch bezeechent een eng Oflagerung vun Ausworfmaterialie ëm een Aschlagkrater oder e Vulkan.

Entstoen[änneren | Quelltext änneren]

Beim Aschlag vun engem klengen Himmelskierper op der Uewerfläch vun engem méi groussen, zum Beispill beim Aschlag vun engem Meteoroid, Asteroid oder Koméit op der Äerduewerfläch, entsteet duerch explosiounsaartegen Ausworf vu Material e Krater. Dat dobäi ausgeworfent Material gëtt als Ejekta bezeechent.

D'Oflagerung vun der Ejekta geschitt nom Aschlag, op d'mannst deelweis, duerch fräie Fluch vum ausgeworfene Material, also als "ballistesch Sedimentatioun". Doduerch formt sech eng sougenannt "kontinuéierlech Ejektafläch" – eng zesummenhängend Fläch vun Ausworfmaterial – ëm den Aschlagkrater. Wann am Ausworfmaterial ganz grouss Stécker sinn, kann et och zu der Formung vu Sekundärkratere kommen.

Bei duerch Vulkaner verursaachten Ejektafläche gëtt während explosive Vulkanausbréch Gestengsmaterial a Lava ausgeworf. Si lagere sech beispillsweis als Tuff- oder Lapillischicht ronn ëm de Vulkan of a formen eng zoue Fläch, déi en etlech Meter déck ka ginn, a munneche Fäll puer Dose Meter.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Oberbeck, V.R. 1975: The role of ballistic erosion and sedimentation in lunar stratigraphy. Geophys. Space Phys. 13: 337-362