Ekliptik

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Ekliptik mat 4 Sonneplazen an Himmelskoordinaten

D'Ekliptik ass d'Projektioun vun der visueller Sonnebunn am Verlaf vun engem Joer op d'Himmelskugel. D'Ekliptik ass e Grousskrees um Himmel, dat heescht si definéiert e Plang, an deem de Mëttelpunkt vun der Äerd wéi och de Mëttelpunkt vun der Sonn läit. Dëse Plang ass domat de Bunnplang vun der Äerd ëm d'Sonn a gëtt och Ekliptikplang genannt.

„Sonn“ an „Äerd“ bezéie sech heibäi op déi |mëttlere Kierper vun der Himmelsmechanik, net op déi tatsächlech Himmelskierper.

Ekliptikschréiegt[änneren | Quelltext änneren]

D'Rotatiounsachs vun der Äerd steet net vertikal op dësem Plang, mä mécht mat hir e Wénkel vu ronn 66,56 Grad. Doduerch schléisst den Ekliptikalplang mat dem Plang vum Äerd- bzw. Himmelsequator zur Zäit e Wénkel vun 23,44° un, déi Ekliptikschréiegt oder och Äerdschréiegt genannt gëtt. D'Schréiegt vun der Ekliptik ass eng vun deenen zéng wichtegste Basisgréisste fir d'Definitioun vu Koordinatesystemer a vu Berechnungen an der Astronomie an an der Geodesie. Si gëtt meeschtens mat ε bezeechent.

Well d'Äerd vun der Kugelgestalt ofwäicht, bewierken d'Gezäitekräfte vu Mound a Sonn en Dréimoment, deen d'Äerdachs opzeriichte versicht. Doduerch beschreift d'Äerdachs wéi en Dapp eng Prezessioun op engem Kegelmantel mat Ëffnungswénkel 2ε. Den "Äerdkreesel" ass awer wéinst der grousser Äerdmass vu knapps 6•1024 kg (6 Mio.Mrd.Mrd. Kilogramm) sou stabil, datt d'Äerdachs fir een Ëmlaf 25.780 Joer brauch, also e Platonescht Joer.

Awer och de Wénkel vun der Ekliptikschréiegt ännert sech laangperiodesch duerch Gravitatiounsaflëss vu Kierper am Sonnesystem openeen. Dofir variéiert ε während 40.000 Joer tëscht 21°55' an 24°18'. Dësen Effekt dréit – nieft zwou anere Periode vu bal derselwechter Längt - zum Entstoe vun Äiszäite bäi:

Tabell vun der Ekliptikschréiegt[änneren | Quelltext änneren]

-3000 bis +3000
Joer Schréigt Joer Schréiegt
-3000 24°01,6' 0 23°41,7'
-2500 23°58,7' +500 23°38,0'
-2000 23°55,6' +1000 23°34,1'
-1500 23°52,4' +1500 23°30,3'
-1000 23°49,0' +2000 23°26,4'
- 500 23°45,4' +2500 23°22,5'
0 23°41,7' +3000 23°18,6'
+1600 bis +2200
Joer Schréigt
+1600 23°29,5'
+1700 23°28,7'
+1800 23°27,9'
+1900 23°27,1'
+2000 23°26,4'
+2100 23°25,6'
+2200 23°24,9

Et gesäit ee schonn aus dëse 6 vu 40 Joerdausenden, datt sech d'Ännerung all 500 Joer ëm -2,9' bis -3,9' vergréissert, well déi offalend Sinuswell nach bis an dat 5. Joerdausend méi géi gëtt (Mëttelwäert ε = 23°06' ëm d'Joer 4300).

Ekliptikpol[änneren | Quelltext änneren]

Well d'Äerd vun enger Kugelform ofwäicht, bewierken d'Gezäitekräfte vum Äerdmound a Sonn en Dréimoment, dat déi schréistoend Äerdachs opzeriichte versicht. D'Äerdachs, déi op d'Himmelspole weist, beschreift doduerch wéi e schieflafende Kannerkreesel eng Prezessioun op engem Kegelmantel mat Ëffnungswénkel 2ε ëm d'Ekliptikpolen erëm. Dës Ekliptikpole sinn op prezise Stärekaarten agezeechent; den nërdlechen Ekliptikpol steet am Stärebild Draco (Draach), definitiounsgeméiss op Rektaszensioun 18 h (mat enger Deklinatioun vun 90° minus ε, am Ament ronn 66° 34'), de südlechen Ekliptikpol steet am Stärebild Dorado (Schwäertfësch) op 6 h.

Den „Äerdkreesel“ ass wéinst der grousser Äerdmass vu knapps 6•1024 kg (6 Mio. Mrd. Mrd. Kilogramm) zimlech lues, an d'Äerdachs braucht fir en Ëmlaf ongeféier 25.700–25.800 Joer (e Platonescht Joer). Den haitege sougenannte Polarstär hëlt seng Roll also nëmme kuerzfristeg an.

De Wee (orange) vum Himmelsnordpol ëm den Ekliptikpol (rout), woufir d'Äerd ronn 26.000 Joer braucht.
Ëm d'Joer (+)2000, ganz no beim Polarstär.
Den helle Stär ënnen ass d'Vega.
De Wee vum Himmelssüdpol ëm den Ekliptikpol, woufir d'Äerd ronn 26.000 Joer braucht.

Den helle Stär iwwer der Bildmëtt ass de Canopus.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Andreas Guthmann: Einführung in die Himmelsmechanik und Ephemeridenrechnung. BI-Wiss.-Verl., Mannheim 1994, ISBN 3-411-17051-4*

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]