El Capitan (Kalifornien)

Vu Wikipedia
El Capitan
Den El Capitan vum Tunnel View aus gesinn
Héicht: 2307 m
Plaz: Mariposa County (Kalifornien)
Biergmassiv: Sierra Nevada
Gestengs: Granit
Koordinaten: 37° 44’ 02’’ N 119° 38’ 13’’ W

Den El Capitan ass eng vertikal Fielsformatioun am Yosemite-Nationalpark a Kalifornien an eng opfälleg Landmaark am Yosemite-Dall.

En ass 2307 m héich a seng bal 1000 m héich vertikal Granitwand ass eng Attraktioun fir Fräikloterer.

Den Numm El Capitan ass eng Ofleedung vum indianeschen Numm "To-to-kon oo-lah", dee vun "To-to-kon" kënnt, dem Chef vum PaiuteStamm aus där Géigend.

Op d'Spëtzt vum Bierg kënnt een awer net nëmme mat Klammgeschier, et gëtt och e kamoude Wanderwee dee, vum Yosemite-Dall aus, laanscht d'Yosemite Waasserfäll eropféiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: El Capitan – Biller, Videoen oder Audiodateien