El Cordobés

Vu Wikipedia
El Cordobés
Gebuertsnumm Manuel Benítez Pérez
Gebuer 4. Mee 1936
Palma del Río
Nationalitéit Spuenien
Aktivitéit Torero, Schauspiller

De Manuel Benítez Pérez, genannt El Cordobés gebuer de 4. Mee 1936 zu Palma del Río, Provënz Córdoba, ass e spueneschen Torero.

Den El Cordobés huet seng Carrière als Torero 1959 ugefaangen an huet 1979 offiziell opgehale mam Stéierkampf. Säi Kampfstil deen net dem « klassesche » Schema entsprach huet, well hie vill Show- a Sportselementer mat erabruecht huet, ass vun de Puriste vum Stéierkampf net gutt gesi gewiescht an hie gëtt och dofir net als ee vun de begabteste Matadoren ugesinn, obschonn déi him awer ee grousse Courage an der Arena bezeien. Hautdesdaags gëllt hien als ‘’Gro Eminenz’’ am Stéierkampf, hie gouf dacks geéiert an ass och nach zwanzég Joer no senger Carrière a ganz Spuenien populär.

Hien ass fir d'éischt 1959 zu Talavera de la Reina als novillero (Jongstéierkämpfer) opgetratt a war 1960 a senger Heemechtsstad Palma del Río fir d'éischt bei enger Corrida mat Pàerd a Picadoren dobäi..

No 203 Optrëtter als novillero huet hien de 25. Mee 1963 zu Córdoba seng Alternativa gemaach a gouf Matador. 1971 huet hien d'Capote un de Nol gehaangen, ass awer tëscht 1979 an 1981 sporadesch an d'Arena zeréckkoum. Fir d'lescht huet hien zwou Corridaen am Joer 2000 gemaach an duerno definitiv als Matador opgehalen.

D'Stad Córdoba huet hien 2002 zum fënnefte Kalif vum Stéierkampf ernannt, en Éierentitel deen virdrun nëmme véier Toreroen haten dorënner de Manolete.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: El Cordobés (Manuel Benítez Pérez) – Biller, Videoen oder Audiodateien