El Hedi ben Salem

Vu Wikipedia

Den El Hedi ben Salem, gebuer 1935[1] als El Hedi ben Salem m'Barek Mohammed Mustafa, a gestuerwen 1976 zu Nîmes, war e marokkanesche Schauspiller, deen haaptsächlech a Filmer vum Rainer Werner Fassbinder opgetrueden ass, mat deem hien Ufank der siwwenzeger Joren d'Bett gedeelt huet.

Hien ass mat engem Film Angst essen Seele auf am Joer 1974 bekannt ginn. Dat war och seng eenzeg grouss Roll am Kino. Nodeem hien dräi Leit zu Berlin mat engem Messer attackéiert hat, gouf hien aus Däitschland a Frankräich ausgewisen. Zu Nîmes am Prisong huet hie sech 1976 d'Liewe geholl.

Dem Fassbinder säi leschte Film Querelle, en iwwerspaant Homosexuellen-Drama nom Jean Genet sengem Roman Querelle de Brest war eng Dedicace un den El Hedi ben Salem.

Filmer[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

Televisioun[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Biographie op imdb