El Mundo

Vu Wikipedia

El Mundo ass mat engem Tirage vun 350.297 Exemplairen (2003) déi zweetgréisst spuenesch Dageszeitung. Si gouf den 23. Oktober 1989 vum Alfonso de Salas, Pedro J. Ramirez, Balbino Fraga a Juan González gegrënnt an huet hiren Haaptsëtz zu Madrid. Den Direktor ass de Pedro José Ramirez.

Sou wéi d'El País zu engem Symbol vum Iwwergank vun der Diktatur zur Demokratie ass, gëllt den El Mundo als Symbol fir d'Kris vun der sozialistescher Regierung. D'Zeitung huet eng sëllege Skandaler am Ëmfeld vun der Regierung opgedeckt, wat mat e Grond fir d'Néierlag vun der PSOE ënner dem Felipe González an de Walen 1996 war.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]