Elbling

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Elbling
Weißer Elbling Traube03b.jpg
Faarf
wäiss bis hellrout
Geschmaach
sprëtzeg a fruuchteg
Alkoholgehalt
11-12 %
Temperatur fir ze drénken
7-12 °
Ubaugebidder
Haapt: Musel
Niewen: Saar, Ruwer, Sauer
Vereenzelt: Sachsen
Ubaufläch weltwäit
~677 ha

Den Elbling ass eng Riefzort, déi op der Lëtzebuerger an däitscher Musel an a klenge Quantitéiten an anere Wéngerten ugebaut gëtt.[1] Fréier lëtzebuergesch Bezeechnunge ware Rhäifrensch oder grénge Frensch.

De Wäin ass saierbetount, huet wéineg Fruuchtzocker, a schmaacht sprëtzeg a fruuchteg.

Urspronk[änneren | Quelltext änneren]

Den Elbling kënnt ursprénglech aus dem Rhäindall, wou en als spontan Kräizung vu Weißer Heunisch an enger Traminer-Rief entstanen ass[2].

Wa fréier eng Importatioun aus der Réimerzäit ugeholl gouf, sou geet dat wuel op eng einfach Verwiesselung zréck, wéinst der sproochlecher Noperschaft vun Alben/Elben mat de laténgesche Wierder Albuelis, Albuelos a Vitis alba.

Elbling gouf viraals wéinst senger Saier net nëmme fir d'Wäiproduktioun, mä och fir d'Desinfektioun vun Drénkwaasser geholl[3].

Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

D'Riefzort war nach bis zum Éischte Weltkrich bal déi eenzeg déi zu Lëtzebuerg ugebaut gouf, net nëmmen op der Musel, mä och soss uechter d'Land, an de Gros gouf an Däitschland exportéiert fir zu Sekt verschafft ze ginn. Wéi de Pättchen Elbling awer an de Caféen ëmmer méi Konkurrenz krut, ass seng Popularitéit rapid gefall, a seng fréier Wéngerte sinn ë. a. fir Rivaner an Auxerrois geaffert ginn.

Op der Lëtzebuerger Musel gouf 2013 den Elbling op enger Fläch vun 93,11 ha ugebaut, wat nach 7,19% vun der totaler Wäinubaufläch entsprécht[4]. Et gëtt dobäi net méi wéi fréier op reng Quantitéit, mä virun allem op Qualitéit gesat.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Larousse du Vin, Säit 323
  2. Heunisch x Fränkisch, e wichtege Genpool vun europäesche Riefzorten (Vitis vinifera L sativa), Regner F. ; Stadlbauer A. ; Eisenheld C. a Wein-Wissenschaft; ISSN 0375-8818 , 1998, vol. 53, no3, Säiten 114-118
  3. RTL 92,5 Thema, Typesch lëtzebuergesch: den Elbling, 19. Juni 2013
  4. Donnéeë vum Lëtzebuerger Wäibauinstitut „Das Weinjahr 2013 und seine Ernteergebnisse“, Säit 28 (Link op pdf-Dokument)]