Elektrifizéierung vun der Eisebunn zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Period vun der Elektrifizéierung vun der Eisebunn (vun der Mëtt vun den 1950er Joren un). Fir d'allgemeng Geschicht vun der Eisebunn zu Lëtzebuerg, kuckt wgl. Geschicht vun der Eisebunn zu Lëtzebuerg.

D'Geschicht vun der Elektrifizéierung vun der Eisebunn zu Lëtzebuerg ass enk mat der Geschicht vun der Lëtzebuerger Ekonomie an der Nokrichszäit verknëppt. Uganks der 1950er Joren hunn déi belsch SNCB an déi franséisch SNCF Pläng fir hir Strecken a Richtung Lëtzebuerg z'elektrifizéieren. Wärend d'SNCB d'Streck Bréissel-Lëtzebuerg mat 3.000 Volt Gläichstroum wëll elektrifizéieren, huet d'SNCF wëlles d'Streck Diddenuewen-Lëtzebuerg mat 25.000 Volt Wiesselstroum an enger Frequenz vu 50 Hz z'elektrifizéieren.

Nodeem am September 1953 um Münchener Kongress decidéiert gouf déi wichtegst Strecken an Europa z'elektrifizéieren, hunn d'CFL an de Staat sech misse fir ee vun den zwéi Systemer decidéieren. Et war deemools kloer dat déi Decisioun huet misse sou séier wéi méiglech geholl ginn, well de Lëtzebuerger Schinnereseau ouni Catenairë vum Rescht vun Europa isoléiert gewiescht wier.

De Choix fir de franséische System mat héichfrequentem Wiesselstroum war dunn och séier geholl, well der Regierung d'Verbindungen a Richtung Diddenuewen a Lonkech deemools am wichtegste geschéngt hunn an d'CFL-Ingenieuren der Meenung waren, datt d'Zukunft vun der Elektrifizéierung am Wiesselstroum läit.

De 16. September 1955 gouf d'25.000 Volt Catenaire tëscht der franséischer Grenz bei Zoufftgen an Lëtzebuerg a Betrib geholl, an den 28. September 1956 huet d'SNCB hir 3.000 Volt Catenairen tëscht Arel a Lëtzebuerg opgeriicht. Als Grenz tëscht dem Wiesselstroumreseau vun den SNCF/CFL an dem Gläichstroumreseau vun der SNCB gouf deemools d'Stater Gare gewielt.

Zanterhier gëtt et an der Stater Gare zwee Gleiser déi souwuel mat Gläichstroum, wéi och mat Wiesselstroum kënnen alimentéiert ginn. Wärend sou Installatiounen haut op ville Garen ze fanne sinn (Genf, Dole, Oochen,...) war d'Stater Gare 1956 déi éischt Gare weltwäit op där dat méiglech war.

1956 hunn d'CFL nach keen eegent elektrescht Material kaaft. D'SNCB an d'SNCF si mat hire Lokomotive bis op Lëtzebuerg komm, wärend d'CFL mat Damplokomotiven a Frankräich an an d'Belsch gefuer sinn.

1958 fänkt déi zweet Etapp vun der Elektrifizéierung un. D'Strecke Lëtzebuerg-Beetebuerg, Lëtzebuerg-Waasserbëlleg, Näerzeng-Rëmeleng a Beetebuerg-Diddeleng gi bis Enn 1961 mat enger 25.000 Volt Catenaire ekipéiert. Am Kader vun dëser Elektrifizéierung schafen d'CFL déi 20 Lokomotive vun der Serie 3600 un. Fir sech en zousätzleche Lokomotivwiessel am Giddertrafic iwwer d'Athus-Meuse ze spueren, elektrifizéieren d'CFL d'Attemer Gare an d'Streck op Rodange och mat hirem Wiesselstroum.

1972 gëtt d'Verbindung tëscht Esch-Uelzecht an Däitsch-Oth elektrifizéiert. Och wann Däitsch-Oth haut eng Kappgare vum CFL-Reseau ass, sou gouf et bis 1972 nach eng Verbindung mam SNCF-Reseau.

1974 elektrifizéieren d'DB an d'CFL d'Streck tëscht der Waasserbëlleger Gare an der Gare zu Igel mat deem an Däitschland üblechen nidderfrequentem Wiesselstroum vu 15.000 Volt 16⅔Hz. Zanterhier gëtt et zu Lëtzebuerg dräi verschidde Stroumreseauen.

1981 gëtt d'Streck Lëtzebuerg-Péiteng elektrifizéiert.

Bis 1993 elektrifizéieren d'CFL d'Nordstreck tëscht Lëtzebuerg a Gouvy, an d'Antennen op Dikrech a Wolz.

D'Streck Lëtzebuerg-Klengbetten gouf ëmgebaut an den 3.000 Volt Gläichstroumsystem ass zanter September 2018 mat 25.000 Volt 50 Hz Wiesselstroum elektrifizéiert.

Chronologesch Oplëschtung vun den Etappen[änneren | Quelltext änneren]

An dëser Lëscht ginn d'Datummen opgefouert op deenen d'Linn fir de Verkéier ënner Stroum gesat gouf.[1]

Streck Datum Spannung Gesellschaft
Lëtzebuerg - Beetebuerg-Grenz 28.09. 1955 25 kV~ 50 Hz CFL / SNCF
Lëtzebuerg - Klengbetten 28.09. 1956 3 kV= CFL / SNCB
Uschloss Lëtzebuerg-Hollerech-Zwickau 28.10. 1957 3 kV= CFL[2]
Bierchem-Nord - Alzeng - Éiter 21.10. 1959 25 kV~ 50 Hz CFL
Lëtzebuerg-Süd - Alzeng
Éiter - Waasserbëlleg
Lëtzebuerg-Nord - Sandweiler - Éiter 03.10. 1959 25 kV~ 50 Hz CFL
Beetebuerg - Diddeleng Schmelz 09.07. 1960 25 kV~ 50 Hz CFL
Näerzeng - Ëtteng[3] 29.09. 1960 25 kV~ 50 Hz CFL
Beetebuerg - Näerzeng - Esch-Uelzecht
Esch-Uelzecht - Bieles-Zolwer 30.01. 1961 25 kV~ 50 Hz CFL
Bieles-Zolwer - Déifferdeng 31.03. 1961 25 kV~ 50 Hz CFL
Déifferdeng - Péiteng - Rodange - Attem 03.05. 1961 25 kV~ 50 Hz CFL / SNCB
Rodange - franséisch Grenz - Mont-Saint-Martin CFL / SNCF
Esch-Uelzecht - franséisch Grenz - Däitsch-Oth 15.05. 1972 25 kV~ 50 Hz CFL / SNCF
Waasserbëlleg - däitsch Grenz - Igel 08.04. 1974 25 kV~ 50 Hz CFL[4]
Waasserbëlleg - Mäerterter Hafen 03.02. 1980 25 kV~ 50 Hz CFL
Téiteng - Laangegronn-Rëmeleng (Intermoselle) 26.02. 1980 25 kV~ 50 Hz CFL
Lëtzebuerg - Péiteng 27.05. 1981 25 kV~ 50 Hz CFL
Lëtzebuerg-Nord - Ettelbréck - Dikrech 17.05. 1989 25 kV~ 50 Hz CFL
Ettelbréck - Kautebaach - Wolz 17.02. 1991 25 kV~ 50 Hz CFL
Kautebaach - Ëlwen 10.09. 1993 25 kV~ 50 Hz CFL
Ëlwen - Gouvy(B) 15.12. 1993 25 kV~ 50 Hz CFL / SNCB
(cofinanzéiert)
Uschloss Lëtzebuerg-Hollerech-Zwickau 1994 25 kV~ 50 Hz/3 kV= CFL
Diddeleng Schmelz -Wuelmereng 3.12. 2003 25 kV~ 50 Hz CFL
Uschloss Lëtzebuerg-Hollerech-Zwickau Hierscht 2010 25 kV~ 50 Hz CFL

Haut ass de Lëtzebuerger Schinnereseau quasi integral elektrifizéiert. Eenzeg e puer privat Industriegleiser an d'Reschter vun der fréierer Atertlinn Ettelbréck-Bissen sinn haut net elektrifizéiert.[5]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 150 Joer Eisebunn zu Lëtzebuerg 1859-2009
  2. Aus der Kéier vun der Klengbettener Streck an den Triage gouf 1994 eng zone commutable fir 3kV an 25kV 50Hz. Zanter 2010 kann een nëmme méi mat 25kV 50Hz an den Triage.
  3. 1996 gouf den Deel Rëmeleng-Ëtteng ausser Betrib gesat.
  4. Trennsektioun 25 kV~ 50 Hz / 15 kV~ 16,7 Hz op der Grenz
  5. http://archivchemindefer.free.fr/electrification/luxembourg/electrification-cfl.html