Elektrokardiogramm

Vu Wikipedia
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezinartikelen. Dës Informatioune si fir eng allgemeng Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt-Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn!
En EKG

En Elektrokardiogramm, kuerz EKG (Electro, Cardio -> Häerz), ass en Apparat, mat deem een d'Häerzaktivitéit a Kurven ëmwandele ka fir eng einfach Auswäertung vun der Häerzfunktioun z'erméiglechen.

Wéi funktionéiert en EKG?[änneren | Quelltext änneren]

En EKG gëtt iwwer sougenannten Elektrode mam Kierper verbonnen. Dat si kleng déck Stickere mat enger Metallplack drun. Uewen ass e Kontakt, un deen eng Ofleedung, de Kabel vum EKG, bei de Patient geluecht gëtt. D'Häerz ass e Muskel. D'Beweegunge vun engem Muskel gi vu klengen elektreschen Impulser ausgeléist. En EKG ass u sech en extreem empfindleche Spannungsmiesser. All Zuckung vun all Häerzkummer léist dofir en Ausschlag um EKG aus. Fréier gouf déi direkt iwwer eng Nol op Pabeier geschriwwen, haut gesäit een d'Well op engem Ecran. Well awer vill Doktere léiwer eppes an der Hand hunn, huet all normalen EKG d'Méiglechkeet, fir d'Resultater auszedrécken. Den EKG schreift op spezielle Millimeterpabeier, soudatt sech einfach (wann een et kann) Anomalië fanne loossen, déi een net géif um Bildschierm gesinn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: ECG – Biller, Videoen oder Audiodateien