Elektromagnetismus

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Elektromagnetismus bréngt zwee verschidde Gebidder vun der Physik zesummen. Wéi den Numm et seet, behandelt den Elektromagnetismus d'Elektrizitéit an de Magnetismus. Den allerwichtegste Fuerscher an deem Gebitt war den James Clerk Maxwell. Hien huet och de Formelen, déi den Elektromagnetismus regéieren, säin Numm hannerlooss. Déi Formele weisen, wéi déi zwee Felder, dat elektrescht an dat magnéitescht, zesummenhänken, wat dee Moment och erkläert, wisou ee vun Elektromagnetismus als Ganzt, an net eenzel vun Elektrizitéit op der enger, a Magnetismus op der anerer Säit schwätzt.

D'Theorie[änneren | Quelltext änneren]

D'Zesummespill vun elektromagnéitesche Felder an elektresche Luedungen gëtt grondleeënd duerch d'mikroskopesch Maxwell-Equatioune bestëmmt:

\begin{align}
  \operatorname{div} \mathbf B &=  0, &
  \operatorname{rot} \mathbf E + \frac{\partial \mathbf B}{\partial t} &=  0\,,\\
  \operatorname{div} \mathbf E &= \frac \rho {\varepsilon_0}\,, &
  \operatorname{rot} \mathbf B - \mu_0\,\varepsilon_0\,\frac{\partial \mathbf E}{\partial t} &= \mu_0\,\mathbf j.
\end{align}

an duerch d'Lorentzkraaft

\mathbf{F} = q (\mathbf{E} + \mathbf{v} \times \mathbf{B})

E a B sinn d'elektrescht respektiv d'magnéitescht Feld.

Commons: Electromagnetism – Biller, Videoen oder Audiodateien