Elektronescht Stellwierk

Vu Wikipedia

En Elektronescht Stellwierk (kuerz ESTW) ass e Stellwierk bei deem d'Weichen an d'Signaler iwwer Computer gesteiert an ofgeséchert ginn. Dat kann entweeder reng elektronesch oder mat Relaise geschéien. Relaisstellwierker kënnen ausserdeem vun ESTWe ferngesteiert ginn. D'Signaler sinn ausschliisslech Liichtsignaler.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Weltwäit éischt ESTW[änneren | Quelltext änneren]

Dat weltwäit éischt ESTW gouf 1978 an der Gare Göteborg Central a Schweden a Betrib geholl. Et koum vun Ericsson Signal, hautdesdaags Bombardier Transportation Signal.

Am Summer 1983 huet d'Kuelegrouf Arthur-Taylor-Colliery a Südafrika dat éischt Voll-ESTW vu Siemens a Betrib geholl.

Als éischt Staatsbunn huet Nederlandse Spoorwegen 1983 en elektronescht Stellwierk bestallt, dat am Mee 1984 an der Gare vun Hilversum a Betrib gaangen ass.

Zu Murnau am Staffelsee gouf 1989 dat éischt elektronescht Stellwierk an Däitschland a Betrib geholl.

Verbreedung vun ESTWen[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Benotzerfläch vun engem ESTW L90

Dat éischt elektronescht Stellwierk zu Lëtzebuerg[1] gouf 1994 a Betrib geholl. Am Ufank gouf d'Anlag nach mat engem Stëft an enger Tablett bedéngt, spéider koum d'Mausbedéngung dozou. Spéider goufe nach weider elektronesch Stellwierker zu Esch, Péiteng, Waasserbëlleg a Klengbetten a Betrib geholl. Zu Lëtzebuerg gëtt d'Stellwierk LockTrac 6111 ESTW L90[2] vum däitschen Hiersteller Thales agesat. Dat Stellwierk entsprécht dem Sécherheetsstandard SIL-4 a bitt domat déi héchstméiglech Sécherheet.

Elektronesch Stellwierksfabrikanten an Europa[änneren | Quelltext änneren]

Nieft Siemens, Thales a Bombardier sinn an Europa nach d'Gesellschaften Alstom, Westinghouse an Ansaldo/Union Switch & Signalling um ESTW-Maart aktiv. Si liwweren hir Produkter och un Eisebunnen an der ganzer Welt.

Siemens huet speziell fir den internationale Maart déi zwee Stellwierker Simis W a Simis IS entwéckelt.

Westinghouse an déi fréier GEC ALSTHOM hunn Ufank der 1980er Joren zesummen e Standard fir elektronesch Stellwierker bei der British Rail mam Numm SSI entwéckelt. Dat éischt dovu gouf 1985 a Betrib geholl.

Elektronesch Stellwierker bei den europäeschen Eisebunnen[änneren | Quelltext änneren]

Bemierkung: Thales L90[3] an L90 5 sinn Entwécklunge vun Alcatel / SEL, deenen hir Departementer fir Transportléisungen 2007 vun Thales iwwerholl goufen.

  • Belsch: Alstom/Westinghouse SSI
  • Bosnien: Thales L90 5
  • Dänemark: Bombardier EBI LOCK
  • Finnland: Thales L90 5, Bombardier EBI LOCK, Siemens Simis-C, Union Switch & Signal MICROLOK II
  • Frankräich: Alstom/Westinghouse SSI, Alcatel/Thales PIPC, Ansaldo SEI
  • Griicheland: Alstom SMARTLOCK, Siemens Simis IS
  • Groussbritannien: Alstom/Westinghouse SSI, Ansaldo CBI, Westinghouse WESTRACE/WESTCAD
  • Italien: Alstom SMARTLOCK, Ansaldo CBI, Bombardier EBI LOCK
  • Kroatien: Thales L90 5
  • Lettland: Thales L90 5
  • Lëtzebuerg: Thales L90
  • Holland: Siemens Simis-C/Simis W, Alstom VPI, Alstom SMARTLOCK, Bombardier EBI LOCK
  • Norwegen: Bombardier EBI LOCK, Siemens Simis-C
  • Éisträich: Alcatel ELEKTRA, Siemens Simis-C, Bombardier MCDS, Scheidt&Bachmann ZSB 2000
  • Polen: Thales L90, Thales L90 5, Bombardier EBI LOCK, Siemens Simis W, Kombud MOR-3, Kontron WTUZ
  • Portugal: vun 1993 un, Alstom/Westinghouse SSI, Thales L90 Alcatel/Thales PIPC
  • Rumänien: Thales L90, Siemens Simis W
  • Schweden: Bombardier EBI LOCK, Union Switch & Signal MICROLOK II
  • Schwäiz: Thales ELEKTRA, Alstom SMARTLOCK, Siemens Simis-C/Simis W/Simis IS
  • Slowakei: Siemens Simis W, AZD ESA11, Starmon K-2002, Bombardier EBI LOCK
  • Slowenien: Siemens Simis W, Thales L90 5
  • Spuenien: vun 1992 un, Alstom SMARTLOCK, Thales L90, Thales L90 5, Sicas ECC
  • Tschechien: AZD ESA11, AZD SZZ-ETB, ModESt, Starmon K-2002, AK-Signal REMOTE'98
  • Ungarn: Alcatel ELEKTRA, Siemens Simis-C/Simis IS

Technik an Opbau[änneren | Quelltext änneren]

Stellwierksprinzip[änneren | Quelltext änneren]

Prinzip vun engem elektronesche Stellwierk

Wéi Relaisstellwierker loosse sech och elektronesch Stellwierker an zwou Kategorien andeelen. Entweeder funktionéiert d'Stellwierk nom Verschlossplangprinzip oder nom Spuerplangprinzip.
Mechanesch Stellwierker funktionéieren nom Verschlossplangprinzip. De Fuerdéngschtleeder bréngt de Signalhiewel (an domat d'Signal) nëmmen dann a Fuerpositioun, wann d'Konditiounen all erfëllt sinn. Als Konditioune fir d'Fuerpositioun ginn am Verschlossplang déi korrekt Lag vun de Weichen am Fuerwee opgelëscht, déi erfuerderlech Lag vun de Flankeschutzweichen asw.
Mat de Relaisstellwierker ass de Spuerplangprinzip entstanen. Bei Relaisstellwierker nom Spuerplangprinzip gëtt fir all Objet (Element) an der Gleisanlag déi entspriechend Relaisschaltung am Stellwierk agebaut. Beim Spuerplangprinzip ginn d'Zuch- a Rangéierweeër nom Start-Zilprinzip geluecht. De Fuerdéngschtleeder gëtt dem Stellwierk e Start- an Zilelement (Signal) an d'Stellwierk stellt dann automatesch d'Weiche sou, datt den Zuch riichtduerch vun engem Signal bis bei dat anert fuere kann. Esou ee Wee nennt een eng Fuerstrooss. D'Gleiselementer an d'Weichen an der Fuerstrooss gi fir een Zuch reservéiert, sou datt keng zweet Fuerstrooss iwwer déi reservéiert Elementer ka geluecht ginn.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Syprolux - 20 Jahre elektronisches Stellwerk in Luxemburg Archivéiert op 2016-03-11. Gekuckt de(n) 2015-07-16.
  2. Thales L90 Presentatioun Archivéiert op 2018-01-05. Gekuckt de(n) 2017-02-18.
  3. ThalesL90