Elevador de Santa Justa

Vu Wikipedia
De Santa Justa-Lift zu Lissabon

Den Elevador de Santa Justa ass e Lift, deen am Zentrum vu Lissabon de Staddeel Baixa vun der Rua do Ouro aus mam Staddeel Chiado, deen 32 m méi héich läit, verbënnt.

De Lift ass 45 m héich a gouf 1902 gebaut. Et ass eng Gosseisekonstruktioun.

Bis zu 20 Persoune kënne mam Lift en enger Kéier fueren. D'Kabin ass aus Holz.

Vum ieweschte Stack huet een e gudden Ausbléck iwwer de Staddeel Baixa.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Elevador de Santa Justa – Biller, Videoen oder Audiodateien