Elfrida Andrée

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Elfrida Andrée

D'Elfrida Andrée gebuer den 19. Februar 1841 zu Visby op der schwedescher Ostseeinsel Gotland, a gestuerwen den 11. Januar 1929 zu Göteborg, war eng schwedesch Organistin a Komponistin.

D'Schülerin vum Ludvig Norman a vum Niels Wilhelm Gade war eng Aktivistin an der schwedescher Fraebewegung. Si war eng vun den éischten Organistinnen a Skandinavien. Vun 1861 u war se zu Stockholm a gouf 1867 Organistin an der Kathedral vu Göteborg. Fir hir Verdéngschter gouf se spéider Member vun der Schwedescher Musekakademie.

Der Elfrida Andrée hir Sinfonië vun 1869 an 1893 sinn hautdesdaags nach ze héieren.
Si huet ausserdeem komponéiert:

  • 1965 e Pianoquintett
  • 1899 d'Oper Fritiofs saga. De Libretto war vun der Selma Lagerlöf, nom Esaias Tegnér sengem Haaptwierk.
  • e puer Orchesterwierker,
  • 1870 e Pianoquartett an
  • 1887 e Pianotrio,
  • Stécker fir Gei a Stécker fir Piano,
  • zwou Massen: Svensk Mässa Nr 1 vun 1902 an Svensk Mässa Nr 2 vun 1903
  • an eng Rei Lieder.

Fir ze liesen[änneren | Quelltext änneren]

  • Eva Öhrström: Elfrida Andrée, 1999, op Schwedesch