Elfriede Brüning

Vu Wikipedia
Elfriede Brüning
Pseudonym Elke Klent
Gebuer 8. November 1910
Berlin
Gestuerwen 5. August 2014
Berlin
Nationalitéit Däitschland, Däitsch Demokratesch Republik
Aktivitéit Schrëftsteller, Journalist, Dréibuchauteur
Partei Sozialistische Einheitspartei Deutschlands, Die Linke, Partei des Demokratischen Sozialismus

D'Elfriede Brüning (Pseudonym: Elke Klent), gebuer den 8. November 1910 zu Berlin an och do de 5. August 2014 gestuerwen,[1] war eng däitsch Schrëftstellerin.

Si huet an den 1920er Joren ugefaangen an diversen Zeitunge wéi dem Berliner Tageblatt, dem Berliner Börsen-Courier an der Vossische Zeitung Feuilletonen ze publizéieren. 1930 gouf se Member vun der KPD a gouf Mataarbechterin vu verschiddene kommunisteschen Zeitungen. 1932 gouf se Member vum Bund proletarisch-revolutionärer Schriftsteller (BPRS). Hiren éischte Roman konnt, nodeems d'Nationalsozialisten 1933 un d'Muecht koumen, net méi publizéiert ginn; e koum eréischt 1970 ënner dem Titel Kleine Leute eraus. D'Brüning huet bis 1945 offiziell just nach Ënnerhalungsliteratur geschriwwen, wéi z. B. de Roman Und außerdem ist Sommer, deen 1934 mat Succès erauskoum.

Déi éischt Jore vum Drëtte Räich huet si an der kommunistescher Resistenz matgemaach an ënner dem Pseudonym Elke Klent fir d'Neue Deutsche Blätter, eng Exilzäitschrëft déi zu Prag erauskoum, geschriwwen. 1935 gouf se verhaft a koum eréischt 1937 nees fräi, well d'Gestapo hir näischt noweise konnt. 1936 koum hire Roman Junges Herz muß wandern, dee s'am Prisong geschriwwen hat, eraus. 1937 huet d'Elfriede Brüning de Schrëftsteller a Verlagsdirekter Joachim Barckhausen bestuet. Bis 1947, wéi se gescheet goufen, krut si eng Duechter, d'Christiane Barckhausen, déi méi spéit och Schrëftstellerin gouf. D'Elfriede Brüning huet fir eng Filmfirma geschafft an zesumme mat hirem Mann d'Dréibuch fir de Film Semmelweis – Retter der Mütter geschriwwen, deen nom Krich gedréit gouf. Déi Zäit vum Krich war si bei de Schwéierelteren um Land.

D'Elfriede Brüning ass 1946 op Berlin hannescht gaangen. Si gouf nees Member an der KPD an huet vun 1949 u fir Zeitungen an Zäitschrëften aus der DDR geschafft. Zanter 1950 huet si als fräi Schrëftstellerin zu Berlin gelieft. Si war Auteur vu Romaner, Erzielungen, Reportagen an Dréibicher fir d'Televisioun. Hir Romaner, déi an der DDR vill a gär gelies goufen an déi dacks autobiographesch Elementer haten, behandele meeschtens d'Schicksaler vu Fraen an d'Resistenz géint den Nationalsozialismus am Drëtte Räich.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Und außerdem ist Sommer, Leipzig 1934
  • Junges Herz muß wandern, Berlin 1936
  • Auf schmalem Land, Leipzig 1938
  • … damit du weiterlebst, Berlin 1949[2]
  • Die Umkehr. Das ist Agnes, Leipzig 1949
  • Ein Kind für mich allein, Leipzig 1950
  • Vor uns das Leben, Berlin 1952
  • Regine Haberkorn, Berlin 1955
  • Gabriele, Berlin 1956
  • Rom hauptpostlagernd, Berlin 1958
  • Sonntag der dreizehnte, Berlin 1960
  • Wege und Schicksale, Berlin 1962
  • Das Antlitz unserer Zeit, Berlin 1965
  • Kinder ohne Eltern, Halle 1968
  • Kleine Leute, Berlin 1970
  • Septemberreise, Halle (Saale) 1974
  • Hochverrat, Berlin 1975
  • Jasmina und die Lotosblume, Berlin 1976
  • Zu meiner Zeit, Halle (Saale) 1977
  • Partnerinnen, Halle [u. a.] 1978
  • Frauenschicksale, Halle [u. a.] 1981
  • Wie andere Leute auch, Halle [u. a.] 1983
  • Altweiberspiele und andere Geschichten, Halle 1986
  • Lästige Zeugen?, Halle [u. a.] 1990
  • Kinder im Kreidekreis, Berlin 1992
  • Und außerdem war es mein Leben, Berlin 1994
  • Jeder lebt für sich allein, Berlin 1999

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Brüning, Elfriede. In: Inge Diersen, et al: Lexikon sozialistischer Schriftsteller deutscher Literatur. Bibliographisches Institut, Leipzig 1964, S. 128–129 (mat Bibliographie).
  • Eleonore Sent (Hrsg.): Elfriede Brüning. Ich mußte einfach schreiben, unbedingt. Briefwechsel mit Zeitgenossen 1930–2007. Klartext, Essen 2008, ISBN 978-3-89861-846-5.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Elfriede Brüning – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Elfriede Brüning ist tot. In: Neues Deutschland, 5. August 2014
  2. …damit Du weiterlebst op Nemesis – Sozialistisches Archiv für Belletristik