Eli Wallach

Vu Wikipedia
Eli Wallach
Gebuer 7. Dezember 1915
Brooklyn
Gestuerwen 24. Juni 2014
Manhattan
Nationalitéit USA
Educatioun University of Texas,
City College of New York,
Neighborhood Playhouse,
University of Texas,
City College of New York
Aktivitéit Filmschauspiller, Autobiograph, Charakterschauspiller, Filmproduzent, Theaterschauspiller, Televisiounsschauspiller, Schauspiller, Offizéier
Famill
Bestuet mat Anne Jackson
Kanner Roberta Wallach

Den Eli Wallach (mam ganzen Numm: Eli Herschel Wallach, gebuer de 7. Dezember 1915 zu Brooklyn, New York City a gestuerwen de 24. Juni 2014, war en US-amerikanesche Schauspiller, dee virun allem fir seng Western-Rollen an The Magnificent Seven an Il buono, il brutto, il cattivo bekannt gouf.

De Wallach huet op der Universitéit vun Austin am Texas Geschicht studéiert an niewelaanscht Reide geléiert, wat spéiderhi fir seng Westernrollen nëtzlech war. Nom Zweete Weltkrich, wou en an der Arméi war, huet hien 1945 um Broadway seng Theatercarrière ugefaangen. 1956 hat hie seng éischt Filmroll am Film Baby Doll. Aner Filmer wéi The Lineup, Lullaby a Seven Thieves koumen no, ier en 1960 am John Sturges sengem Klassiker The Magnificient Seven e mexikanesche Banditechef gespillt huet. Am Joer drop war hien nieft dem Clark Gable, Marilyn Monroe a Montgomery Clift an The Misfits ze gesinn. Seng berüümtst Roll hat hien 1966 nieft dem Clint Eastwood als mexikanesche Bandit Tuco ("deen Ellenen") am Italowestern Il buono, il brutto, il cattivo vum Sergio Leone.

2010 krut den Eli Wallach en Éieren-Oscar fir säi Liewenswierk.

Hie war vun 1948 bis zu sengem Doud mat der Schauspillerin Anne Jackson bestuet, mat där en dacks zesummen a Filmer gespillt huet. Si haten dräi Kanner.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

vun 1956 bis 1959[änneren | Quelltext änneren]

vun 1960 bis 1969[änneren | Quelltext änneren]

vun 1970 bis 1979[änneren | Quelltext änneren]

vun 1980 bis 1989[änneren | Quelltext änneren]

vun 1990 bis 1999[änneren | Quelltext änneren]

vun 2000 bis 2010[änneren | Quelltext änneren]

TV[änneren | Quelltext änneren]

vun 1949 bis 1959[änneren | Quelltext änneren]

  • 1949-1955: The Philco Television Playhouse, (TV-Serie) (4 Episoden)
  • 1951: Lights Out, (TV-Serie) (Episod: Rappaccini's Daughter) vum Laurence Schwab Jr.
  • 1952: Armstrong Circle Theatre, (TV-Serie) (Episod: The Portrait) vum Ted Post
  • 1952: Danger, (TV-Serie) (Episod: The System) vum Sidney Lumet
  • 1952-1957: Studio One , (TV-Serie) (2 Episoden)
  • 1952: The Web, (TV-Serie) (Episod: Deadlock) mam E.G. Marshall a Paul Newman
  • 1954: Goodyear Television Playhouse, (TV-Serie) (Episod: The Brownstone) mam Janice Rule
  • 1956: Kraft Television Theatre, (TV-Serie) (Episod: Delicate Story)
  • 1956: The Kaiser Aluminum Hour , (TV-Serie) (Episod: A Fragile Affair )
  • 1957: The Lark, vum George Schaefer mam Julie Harris a Boris Karloff
  • 1956: The Seven Lively Arts, (TV-Serie) (Episod: The World of Nick Adams)
  • 1956: BBC Sunday-Night Theatre, (TV-Serie) (Episod: Counsellor at Law )
  • 1956: Climax!, (TV-Serie) (Episod: Albert Anastasia - His Life and Death)
  • 1958: Where Is Thy Brother?, mam Lee Grant
  • 1958: Suspicion, (TV-Serie) (Episod: The Death of Paul Dane) vum Elliot Silverstein mam Janice Rule
  • 1958: Westinghouse Desilu Playhouse , (TV-Serie) (Episod: My Father, the Fool ) vum Jerry Thorpe mam Desi Arnaz
  • 1956: Shirley Temple's Storybook, (TV-Serie) (Episod: The Emperor's New Clothes) vum James Neilson mam Sebastian Cabot
  • 1958: The Gift of the Magi, vum George Schaefer mam Gordon MacRae a Sally Ann Howes
  • 1958-1959: Playhouse 90, (TV-Serie) (4 Episoden)
  • 1959: The DuPont Show of the Month, (TV-Serie) (Episod: I, Don Quixote) vum Karl Genus mam Lee J. Cobb
  • 1960: Sunday Showcase, (TV-Serie) (Episod: The Margaret Bourke White Story) mam Teresa Wright

vun 1960 bis 1969[änneren | Quelltext änneren]

  • 1960: Lullaby , vum Don Richardson
  • 1960: Goodyear Theatre, (TV-Serie) (Episod: Birthright) mam Martin Balsam
  • 1960: The Robert Herridge Theater, (TV-Serie) (Episod: Hope Is the Thing with Feathers)
  • 1960-1962: Naked City, (TV-Serie) (2 Episoden)
  • 1962: Outlaws, (TV-Serie) (Episod: A Bit of Glory ) vum Jesse Hibbs
  • 1962: The Dick Powell Show, (TV-Serie) (Episod: Tomorrow, the Man) vum Don Medford mam Kim Hunter a Susan Kohner
  • 1967 Batman, (TV-Serie) (2 Episoden) mam Adam West
  • 1967: CBS Playhouse, (TV-Serie) (Episod: Dear Friends) vum Paul Bogart

vun 1970 bis 1979[änneren | Quelltext änneren]

vun 1980 bis 1989[änneren | Quelltext änneren]

vun 1990 bis 1999[änneren | Quelltext änneren]

vun 2000 bis 2009[änneren | Quelltext änneren]

  • 2000: The Bookfair Murders, vum Wolfgang Panzer mam Samantha Bond
  • 2001: 100 Centre Street, (TV-Serie) (Episod: Kids: Part 1) vum Sidney Lumet mam Alan Arkin
  • 2002: Monday Night Mayhem, vum Ernest R. Dickerson mam John Turturro
  • 2002: The Job, (TV-Serie) (Episod: Betrayal) vum Fred A. Wyler
  • 2002: The American Experience , (TV-Serie) (2 Episoden)
  • 2002: The Education of Max Bickford , (TV-Serie) (3 Episoden)
  • 2003: Veritas: The Quest, (TV-Serie) (Episod: The Name of God) vum Michael Nankin
  • 2003: ER, (TV-Serie) (Episod: A Boy Falling Out of the Sky) vum Charles Haid
  • 2004: Whoopi , (TV-Serie) (Episod: American Woman )
  • 2006: Studio 60 on the Sunset Strip , (TV-Serie) (Episod: The Wrap Party ) vum David Semel mam Matthew Perry
  • 2009: Nurse Jackie, (TV-Serie) (Episod: Chicken Soup) vum Craig Zisk mam Edie Falco

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eli Wallach – Biller, Videoen oder Audiodateien